Neijoerschdag

Vu Wikipedia
Sydney: Freedefeier zum Joer 2006

Neijoer oder Neijoerschdag ass den eischten Dag vum Kalennerjoer. A bal alle Kulturen, ma mat ganz ennerschiddlechen Zaitrechnungen an domat och Kalenneren , ass mat dem Neijoer och e Neijoerschfest verbonnen, dat domat och zu verschiddenen Zaite gefeiert gett:

Neijoer am westleche Kulturraum [ anneren | Quelltext anneren ]

Am westleche Kulturraum ass den 1. Januar als Termain fir de Joresufank zanter dem Mettelalter wait verbreet. Onofhangeg dovu gouf a gett et a jee no Regioun verschidden Neijoerschtermainer.

Ze beuechte si follgend, virun allem am kierchleche Beraich gebraucht Varianten:

Am Joer 153 v. Chr. hunn d' Reimer no hirem Kalenner de Joresufank vum 1. Maerz op den 1. Januar, op den Dag vum Amtsuntrett vun de Konsule verluecht. Si hunn d'Joren och no den Amtszaite vun de Konsule genannt. Domat hunn och d'Zuelmeint (September, de siwenten, Oktober, den aachten, November, den nengten, Dezember, den zengten) hir entspriechend Positioune verluer.

Bis zum Festleee vum Neijoerschdag am Joer 1691 duerch de Poopst Innozenz XII. op den 1. Januar huet a waiten Deeler vun Europa de 6. Januar als Joresufank gezielt.

Allgemeng [ anneren | Quelltext anneren ]

Haut geheieren a ville Lanner Freedefeier a Knupperten zu Silvester a Joreswiessel, sou wei Gleck- a Gesondheetswensch am neie Joer.

Sou wenscht ee sech zum Beispill dacks ?e gudde Rutsch “ an dat neit Joer. Dest huet warscheinlech awer naischt mat ?rutschen“ ze dinn, ma et kennt op dat hebraesch ?rosch“ 'Kapp, Ufank' zereckgoen; dat jiddescht Neijoerschfest heescht op Hebraesch Rosch ha-Schanah (??? ????).

Grouss Kultur- a Sinfonieorchestere spillen am neie Joer dacks en Neijoerschconcert .

Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

Wei iwwerall op der Welt ass et och zu Letzebuerg Usus, datt sech Frenn a Bekannte fir Neijoerschdag Gleck, Gesondheet an och soss alles Guddes wenschen. Bei deser Geleeenheet kreien d'Kanner traditionell vun de Grousselteren an/oder dem Patter an der Giedel en neit Jaerchen : e klenge Kaddo a Form vu Seissegkeeten oder Suen. Geweinlech kritt och d'Personal vu verschiddene Beruffsstann (de Breifdreier, d'Zeitungsfra / -mann an d' "Manner vun de Kiwwelen") an den eischten Deeg vum Januar en Drenkgeld. Des Traditioun verschwennt awer lues a lues [1] .

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Fritz Bunger: Geschichte der Neujahrsfeier in der Kirche . Gottingen 1911.
  • Hermann Grotefend: Zeitrechnung des deutschen Mittelalters und der Neuzeit . 3. Bande, 1891-1898. Anmerkung: Obwohl im Titel von deutscher Zeitrechnung die Rede ist, stellt der Grotefend einen umfassenden Blick auf sehr viele Zeitrechnungen dar.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Neijoerschdag ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Quell vun desem Kapitel: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos... Feste und Traditionen in Luxemburg (Sait 3). Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu den 9. Januar 2019