한국   대만   중국   일본 
Near Earth Asteroid Tracking ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Near Earth Asteroid Tracking

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat "NEAT" am Kontext vum Asteroide-Sichen. Fir aner Bedeitunge vum Akronym NEAT, kuckt wgl. NEAT .

NEAT (Near Earth Asteroid Tracking) ass e Projet vum Jet Propulsion Laboratory (JPL) fir den Himmel z'iwwerwaachen, dat an Zesummenaarbecht mat der US-Loftwaff an der US-Raumfaartadministratioun NASA . Sain Zil ass d'Opspiere vun allen aerdnoen Asteroiden , fir sou frei wei meiglech (am Idealfall Jore bis Joerzengte virdrun) virun enger gefeierlecher Kollisioun vun der Aerd mat engem Asteroid virgewarnt ze sinn.

Am Kader vum Iwwerwaachungsprogramm goufen och en ettlech nei Komeiten entdeckt. (Mat Stand vum Mee 2004 waren et 43 Komeiten). All dei Komeiten droen den Nummdeell 'NEAT', oder (wann d'Entdeckung glaichzaiteg engem aneren Observateur oder enger anerer Observateursgrupp gelonge war) e kombineierten, wei z. B. ?NEAT- LINEAR ‘.

Eng besonnesch Bedeitung hat de Komeit mat der Bezeechnung C/2001 Q4 (NEAT) , deen de 24. August 2001 entdeckt gouf an am Mee 2004 eng Visuell Magnitude vu ronn erreecht hat. Ongefeier glaichzaiteg hat och de Komeit C/2002 T7 (LINEAR) seng greisst Hellegkeet erreecht, soudatt een op der sudlecher Hemisphar vun der Aerd mat bloussem A glaichzaiteg zwein hell Komeite gesi konnt.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]