Natalja Wladimirowna Poklonskaja

Vu Wikipedia
Natalja Wladimirowna Poklonskaja
an der Duma 2016
Gebuertsnumm Наталья Владимировна Дубровская
Pseudonym Няш Мяш
Gebuer 18. Maerz 1980
Mychajliwka
Nationaliteit Russland
Aktiviteit Politiker
Partei Onofhangeg, parteionofhangeg
Famill
Kand onbekannt
D'Poklonskaja bei enger Reunioun vun der Generalstaatsanwaltschaft 2015

D' Natalja Wladimirowna Poklonskaja (rus. Наталья Владимировна Поклонская, oder ukr. Натал?я Володимир?вна Поклонська - Natalija Wolodymyriwna Poklonska ), gebuer den 18. Maerz 1980 zu Michajliwka bei Luhansk , Ukrainesch SSR [1] , ass eng ukrainesch an duerno russesch Juristin a Politikerin.

Den 11. Maerz 2014 gouf se Procureure vun der Krim . Eng Pressekonferenz dei s'am Kader vun hirer Ernennung ginn hat huet en Internet-Phenomeen ausgeleist. Gutt zwee Joer drop gouf se bei de russesche Parlamentswalen an d' Duma gewielt.

Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Dei eischt zeng Joer vun hirem Liewen huet s'an engem Duerf an der Oblast Luhansk gelieft, 1990 ass dunn hir Famill op Jewpatorija op d'Krim geplennert [2] . 2002 mecht se do hir Universiteit faerdeg.

Vun 2002 bis Februar 2014 huet s'op verschiddene Plazen an der Ukrain um Parquet geschafft, zu lescht als stellvertriedende Bezierksprocureur zu Kiew . 2011 huet se zu Simferopol an engem mediatiseierte Prozess d'Uklo geint de Ruwim Aronow vertrueden, e freieren Deputeierte vum Parlament vun der Krim, dee beschellegt gouf, Member an der bewaffneter Band "Baschmaki" gewiescht ze sinn, a Muerde kommandeiert ze hunn, dei mat Grausamkeet begaange goufen [3] , [4] .

De 25. Februar 2014 huet d'Poklonskaja hire Recktrett vum Parquet erklaert, mat follgender Begrennung: "Ech schumme mech, an engem Land ze liewen, an deem Banditte frai op de Stroossen doremmer lafen“ [5] (eng Uspillung op de radikalen Deel vun den Demonstrante beim Euromaidan ).

Hire Recktrett gouf net akzepteiert, ma se gouf an d'Vakanz gescheckt. Si huet Kiew verlooss an ass op d'Krim gaangen, wou hir Elteren nach emmer gelieft hunn. Zu Simferopol huet se der Regierung vun der Krim hir Hellef ugebueden. [6]

Wei den neie Regime vun der Autonomer Republik Krim d'Onofhangegkeet vun der Ukrain ugestrieft huet, huet de Procureur General d'Etat Wjatscheslaw Pawlow sai Recktrett erklaert. De 11. Maerz 2014 gouf d'Poklonskaja op dei Fonctioun genannt, nodeems 3-4 mannlech Vertrieder vum Parquet declineiert haten [7] .

Als Reaktioun dorop huet d'Feirung zu Kiew si entlooss a weinst Heichverrot ugeklot [8] , an d'EU huet hir am Kader vun den anti-russesche Sanktiounen en Areesverbuet ausgesprach [9] .

Nom Referendum an dem Baitrett vun der Krim zu Russland gouf de 25. Maerz hir Ernennung vun der russescher Administratioun confirmeiert [10] .

Nodeems se bei de russesche Parlamentswalen an d'Duma gewielt gouf, huet se de 27. September 2016 als Procureure demissioneiert.

Si ass als fanatesch Vereierin vum leschten Zar Nikolai II. , als Hellegen, bekannt [11] , [12] , wouduerch se e. a. souguer fir radikal Moossstief onverhaltnesmeisseg vehement geint de Film Matilda virgaangen ass, deen eng Affar vum Zar thematiseiert [13] .

D'Poklonskaja ass gescheet an huet eng Duechter Anastassija (* 2005) [14] .

Internet-Phenomeen [ anneren | Quelltext anneren ]

Beispiller vu Fan-Art am Manga-Stil iwwer d'Poklonskaja (2016)

No hirer Ernennung als Procureure vun der Krim huet d'Poklonskaja den 11. Maerz 2014 eng Pressekonferenz gehalen, vun dar e Video ouni Ennertitel op e japanesche YouTube -Kanal eropgeluede gouf. Well hiert Ausgesinn de Scheinheetsidealer a Stereotyppe vu weibleche Manga -Figuren entsprecht, gouf se doduerch seier zu engem Internet-Phenomeen . Si war stenterlech Gespreichsthema a Fore wei Reddit [15] , 4chan , Weibo a VKontakte , an dei asiatesch Internetgemeinschaft huet ugefaangen, Fan-Art vun hir am Manga- an Anime -Stil ze verbreeden. [16]

Wei d'Poklonskaja bei Interviewen no hirer Meenung iwwer d'Fan-Arts gefrot gouf, sot se si wier ereischt duerch hir Duechter dovu gewuer ginn, dei mat hiren deemools 9 Joer doriwwer ganz aus dem Haische wier, ma si selwer hatt ze vill ze di fir deem iwwerhaapt Opmierksamkeet ze schenken, an all d'Konten dei op de sozialen Netzwierker enner hirem Numm gefouert geife, wieren net hir. Effentlech Persoune geifen dacks gezeechent ginn, dat keint een net eviteieren. [2] , [17]

De 16. Abrell 2014 huet de YouTuber Enjoykin eng Videomontage gemaach, mat Fragmenter vu verschiddenen Interviewe vun der Poklonskaja a Fan-Art. En huet dobai Sazdeeler, dei d'Poklonskaja wierklech gesot huet, nei zesummegesat, an als musekalesch Basis d' Daft Punk Lidd Instant Crush geholl. D'Resultat dovun ass d'Lidd "Njasch Mjasch" ( Nyash Myash ), dat bannent 5 Deeg 5,8 Millioune Mol op YouTube gekuckt gouf an an dar Rapiditeit souguer westlech professionell Musekclipen hannert sech gelooss huet. [18] , [19] Bis Enn 2017 gouf d'Lidd em dei 37 Millioune Mol gekuckt. "Njascha" oder "Njaschka" ass e Wuert aus dem russeschen Anime-Jargon, dat vum japanesche Laut "nja" ("Miau") ofgeleet ass, a gebraucht gett fir leif flott (Anime-)Meedercher ze bezeechnen [20] . Sou och geschitt a Bezuch op d'Poklonskaja. An engem Interview huet dei dat weiter verformt fir ze soen datt si dat ganzt "njasch-mjasch" kal leisst, wat dem Enjoykin du sai Refrain ginn huet.

D'Poklonskaja ass nach de Sujet vun enge sellegen anere Lidder, ernimmt sief just nach den Titel "Ach, kakaja njasch, prokuror Natascha!" ( Ах, какая няша, прокурор Наташа! ) vum Odessaer Museker Slawa Blagow, deen et op YouTube bannent e puer Deeg emmerhin op mei wei 100.000 Zougreff bruecht huet [21] .

2014 war d'Poklonskaja bei Google dei 7.-meeschtgesicht Persoun a Russland [22] an dei 8.-meeschtgesicht Persoun an der Ukrain [23] , a souguer d'Medien an den USA an an Europa si bal mei op d'Massephenomeen ronderem hir Attraktiviteit agaange wei op hir politesch Brisanz [24] , [25] .

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Natalja Wladimirowna Poklonskaja ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Interview mam Natalja Poklonskaja , Komsomolskaja Prawda 21.03.2014
  2. 2,0 2,1 Новый прокурор Крыма Наталья Поклонская: ≪Поклонники не звонят, я ведь не супермодель!≫ , Komsomolskaja Prawda, 23.03.2014
  3. Осужденный по делу ОПГ ≪Башмаки≫ назвал Поклонскую уникальным человеком , vz.ru. 29.03.2014
  4. Как новый прокурор Крыма Наталья Поклонская стала популярным героем аниме , dp.ru. 26.03.2014
  5. Fahndung nach dem Sexsymbol der Krim-Annexion , Die Welt 26.03.2014
  6. Прокурор республики , Rossijskaja gaseta 20.03.2014
  7. Наталья Поклонская: О том, что стала героиней аниме, узнала от дочери. Лучше бы люди оценили мою работу , Komsomolskaja Prawda, 22.03.2014
  8. Japan: Crimean attorney general inspires anime fan art , BBC 20.03.2014
  9. Russia disappointed over additional EU sanctions , RT 13.05.201
  10. Russia confirms web sensation Natalya Poklonskaya as prosecutor in Crimea , AFP 25.03.2014
  11. Поклонская сделала Николая Второго участником ≪Бессмертного полка≫ , MK.ru 09.05.2016
  12. Внучка Николая II , Radio Swoboda 10.05.2016
  13. Поклонская рассказала об "общении" с Николаем II , RIA Nowosti 26.09.2017
  14. Дочь Натальи Поклонской спела в хоре для прокуроров , 1tvnet 12.01.2015
  15. Reddit-Grupp "Our Majesty, Immortal Empress, St. Natalia Poklonskaya"
  16. Crimea's Attorney General Natalia Poklonskaya Goes Viral In China And Japan , International Business Times 20.03.2014
  17. Crimean attorney general responds to the Internet’s attempts to turn her into an anime character , Rocketnews24. 27.03.2014
  18. Няш, мяш, Крым наш , Zvuki.ru 21.04.2014
  19. Клип про Поклонскую набрал почти 6 миллионов просмотров , Argumenty i fakty 21.04.2014
  20. няшка am Wiktionary
  21. Одесский музыкант сделал клип о Наталье Поклонской, который сразу стал хитом интернета , Komsomolskaja Prawda 28.03.2014
  22. Люди года 2014 , Google Trends Russland
  23. Людина року 2014 , Google Trends Ukrain
  24. US Sanctions Russian Sex Symbol , New York Observer 21.12.2014
  25. Krim-Oberstaatsanwaltin wird zum Sex-Symbol in Japan , Focus Online 23.03.2014