Den
Narmer
war de leschte virgeschichtleche Kinnek (
Pharao
) vun
Egypten
. Sain Numm gett als
stiechende Wels
oder
Schlagwels
gedeit (Verschidde Quelle bezweiwelen dat awer).
Den Narmer koum aus
Ueweregypten
an huet dee leschte Widderstand am Nordweste vum Nildelta (
Enneregypten
) niddergeworf. Aner Source soen, datt et sain Nofollger
Menes
war, deen de wierklech allerleschte Widderstand an de Randgebidder vum Nildelta niddergeworf huet a sou Uewer- an Enneregypte geeent huet. Op alle Fall huet den Narmer awer schonn seng grouss Victoire op enger
Ornamentpallett
, dei
1898
zu Hierakonpolis fonnt gouf, duerstelle gelooss.
Mam Narmer geet e stenterleche kulturellen Opschwong duerch d'ganzt Land, an et kennt kloer zu engem Iwwergang vun der prehistorescher zur eigentlecher egyptescher
Konscht
.
Dem
Werner Kaiser
no lait dem Narmer sai Graf zu
Abydos
, eng Duebelanlag am B-Kierfecht, mat der Nummer 17-18.
Et ass net ganz eendeiteg festzestellen, wien dem Narmer sai Virganger war, verschidde Source schwatze vum Hor
Ka
(oder Hor Sechen?), anerer vum
Skorpioun II.
. Secher schengt awer ze sinn, datt ee Bouf vum Kinnek Narmer tatsachlich Mn, d. h. Menes geheescht huet, an ouni Zweiwel mam Hor Aha identesch ass.