한국   대만   중국   일본 
Multiplex-Kino ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Multiplex-Kino

Vu Wikipedia
Multiplex-Kino

E Multiplex-Kino ass e Kinoskomplex , deen aus mei Sall besteet, an deen extra dofir gebaut gouf. Et gett keng eenheetlech Definitioun, vu wei vill Sall un ee vun engem Multiplex schwatzt, geweinlech sinn et der op d'mannst siwen.

D'Multiplexe sinn entstanen, nodeem d'Konzept vun eenzele Kinosall doruechter emmer manner abruecht huet: Mat der Verbreedung vun der Televisioun sinn emmer manner Leit an de Kino gaangen, sou datt dei grouss Kinotheateren entweeder hu missen zoumaachen, oder sech an e puer mei kleng Sall ennerandeelen, fir rentabel ze bleiwen. Dest huet awer meeschtens zu onbefriddegende Resultater gefouert, well d'Sall ze kleng waren ("Schongkeschtekino"), schlecht schall-isoleiert oder de freiere Sall net grouss genuch war.

Multiplexe goufen do dergeint als sollech geplangt; hir Lokalisatioun, dacks an der Peripherie vu Stied an no bei oder an enger Shopping Mall , leet Waert op eng gutt Accessibiliteit, an d'Sall sinn technesch a wat de Konfort betrefft op heijem Niveau. Dacks si Restauratiouns- oder Cafebetriber am Gebaikomplex dran, oder soss Fraizait-Offeren, wei Plazen z. B., fir Bowling oder Billard ze spillen.

An Amerika sinn d'Multiplexe mat der Verbreedung vun de Shopping-Mallen an den 1970-1980er Joren opkomm; deen eischte Multiplex an Europa war 1981 de Kinepolis zu Gent mat 10 Sall, an dee greissten an Europa (eng Zaitche souguer op der Welt) war de Kinepolis um Heiselplateau zu Breissel mat 25 Sall, deen 1988 opgoung. [1] An sou engem Fall schwatzt een och vu Megaplex .

Zu Letzebuerg gett et zwei Multiplex-Kinoen: Den Kinepolis um Kierchbierg (1996 als Utopolis opgaangen, 10 Sall mat zesummen 2.700 Setzplazen) an den Kinepolis Belval zu Esch-Belval (2008 als CineBelval opgaangen, 7 Sall fir am Ganze 1506 Spectateuren).

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. "About Kinepolis " op corporate.kinepolis.com