한국   대만   중국   일본 
Mir wellen net bleiwen ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Mir wellen net bleiwen

Vu Wikipedia
Mir wellen net bleiwen
Film
Produktiounsland Letzebuerg
Premiere 15. Juni 2010
Dauer 110 min
Originalsprooch Letzebuergesch
Ekipp
Regie Pascal Becker
Yann Tonnar
Dreibuch Pascal Becker
Yann Tonnar
Fotografie Carlo Thiel
Jean-Louis Sonzogni
Musek Serge Tonnar
Produzent Nicolas Steil ( Iris Prodctions )
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Lanner - Film no Genre

Mir wellen net bleiwen ass e letzebuergeschen Documentaire vum Pascal Becker a vum Yann Tonnar iwwer Letzebuerger, dei ausgewandert sinn. En hat den 18. Juni 2010 Premiere.

Em wat geet et am Film? [ anneren | Quelltext anneren ]

De Film portraiteiert Leit, meeschtens Letzebuerger, dei d'Decisioun geholl hunn, anzwousch anescht wei an hirem Gebuertsland ze liewen. E suiveiert de raiche Geschaftsmann Jos Spartz an Indonesien, d'Mariette Braquet, eng freier Direktiounssekretarin an engem Luxusbuttek, dei am Niger eng Entwecklungs-ONG gegrennt huet, d'Famill Elsen, dei Baueren a Kanada gi si well se zu Letzebuerg net genuch Terrain haten, an de Claude Sternberg, de weinst sengem Glawen op Jerusalem ausgewandert ass. Eng fenneft letzebuergesch- sudafrikanesch Famill ass op Letzebuerg geplennert, fir hir Kanner an enger friddlecher Emgeigend opwuessen ze loossen. [1]

De Film geet der Fro no, firwat des Leit emigreiert sinn an hannerfreet dem Lentz sai Motto aus dem Feierwon : Welle si bleiwe wat se sinn? Wat welle se sinn? Wou wellen se sinn?

Produktioun [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Initiativ fir de Film geet op de Produzent Nicolas Steil zereck, deen e Film aus dem Fotograf Raymond Reuter sengem Buch 100 Letzebuerger rondrem d'Welt aus dem Joer 2003 wollt maachen. Dofir huet hien d'Regisseuren Pascal Becker a Yann Tonnar engageiert. No e puer Meint Recherche hu si nemmen ee Personnage aus dem Buch zereck behalen, de Jos Spartz an Indonesien. [1]

D'Musek gouf vum Regisseur Yann Tonnar sengem Brudder Serge Tonnar produzeiert.

1.778 Leit waren den Documentaire an de Kino kucken. [2]

Kritik [ anneren | Quelltext anneren ]

Josee Hansen , d'Letzebuerger Land : [1]

Le montage est intelligent, souvent surprenant et un peu decale, [...] et les interviews sont sinceres, on sent que les interviewes etaient en confiance [...] sa seule faiblesse : de sauter sur l'agacante ideologie dominante, ici comme en France, sur l'identite nationale qu'il faudrait definir, fixer, etudier, au lieu de la considerer comme un organisme mouvant.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 land.lu: Peau de veau vum Josee Hansen (17. Juni 2010)
  2. alta.lu: Box-office luxembourgeois officiel des productions et coproductions luxembourgeoises , Zuele vum CNA vun 2018