De
Kulturministere
, (fr:
Ministere de la Culture
, gekierzt MCULT) ass e
Ministere
zu
Letzebuerg
dee sech fir d'kulturell Entwecklung um nationalen an internationalen Niveau zu Letzebuerg asetzt.
De Ministere entweckelt a feiert dei national an international
Kulturpolitik
vun der
Letzebuerger Regierung
aus an ass verantwortlech fir d'national Politik zum Schutz an zur Promotioun vum kulturelle Patrimoine. En ennerstetzt d'kenschtleresch Kreatioun an d'international Demarche vu Kenschtler a Kulturschafenden andeems en engersaits Konventioune mat de kulturellen Acteure vu Letzebuerg ofschleisst an anerersaits e Programm vu Ferderinstrumenter (Subsiden, Sozialhellefe fir professionell onofhangeg Kenschtler an
Intermittents du spectacle
) emsetzt.
Den MCULT koordineiert d'Relatiounen tescht de verschiddene kulturellen Acteuren zu Letzebuerg an organiseiert e reegelmeissegen Echange mat hinnen am Kader vun de Kultur-Assisen.
D'Kulturpolitik an hir Emsetzung baseieren op de Recommandatioune vum
Kulturentwecklungsplang 2018-2028
an op dem
Koalitiounsaccord
vun der Regierung.
D'Servicer a Verwaltungen dei enner d'Kompetenz vum Kulturministere falen, sinn am
interne Reglement vun der Regierung
festgehalen
[1]
. Dozou geheieren e. a.:
- National Kulturpolitik: Schutz vum kulturelle Patrimoine; Architekturpolitik; Erhale vun de Landschaften; Ferderung vun der kenschtlerescher Kreatioun; kreative Secteur; finanziell Ennerstetzung fir onofhangeg professionell Kenschtler an
Intermittents du spectacle
; Ausschreiwunge fir Projeten, Concoursen, Commanden a kulturell Praisser; Ferderung vu Kenschtler, Acteuren a kulturelle Strukturen; Iwwerwaachung vun der regionaler kultureller Entwecklung; Observatoire vun der Kultur; kulturelle Mecenat; Kulturconge; kulturell Mediatioun; Promotioun vum Zougang zu Kultur
- Fonds social culturel; Fonds pour le patrimoine architectural
- Interministeriell Koordinatioun am Kulturberaich:
Nationale Rot vum Buch
;
Conseil superieur vun de Bibliotheiken
;
Nationale Rot vun den Archiven
; Kommissioun fir de kulturelle Patrimoine; Kommissioun fir d'Zirkulatioun vun de kulturelle Gidder; National Kommissioun fir Zesummenaarbecht mat der UNESCO
- Emsetzen an Iwwerwaache vum Kulturentwecklungsplang (2018-2028)
- Promotioun vun der Letzebuerger Sprooch; Entwecklung, Koordinatioun an Emsetze vum Aktiounsplang fir d'Ferdere vun der Letzebuerger Sprooch; Organisatioun vun Aktioune ronderem d'Letzebuerger Sprooch;
Kommissar fir d'Letzebuerger Sprooch
;
Zenter fir d'Letzebuerger Sprooch
;
Conseil fir d'Letzebuerger Sprooch
- International an europaesch Kulturpolitik a -strategie; bilateral, international a multilateral kulturell Zesummenaarbecht (EU, Europarot, UNESCO,
EUNIC
); grenziwwerschreidend kulturell Zesummenaarbecht an der Groussregioun;
Creative Europe Desk Luxembourg
,
Institut europeen des itineraires culturels
- Bezeiunge mat den associative kulturelle Strukture vun der fraier oder der kommunaler Zeen (Geneemegungen, Konventiounen).
- Nationalarchiven
? Archives nationales de Luxembourg (ANLux)
- Nationalbibliotheik
? Bibliotheque nationale du Luxembourg (BNL)
- Centre national de l'audiovisuel
(CNA)
- Letzebuerger Literaturarchiv
? Centre national de litterature (CNL)
- Institut national pour le patrimoine architectural
(INPA)
- Nationaalt Fuerschungsinstitut fir Archeologie
? Institut national de recherches archeologiques (INRA)
- Nationalmusee fir Archeologie, Geschicht a Konscht
? Musee national d'archeologie, d'histoire et d'art (MNAHA)
- Nationalmusee fir Naturgeschicht
? Musee national d'histoire naturelle (MNHN)
Gouvernance a Relatioune mat Effentlechen Etablissementer
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Gouvernance a Relatioune mat parastaatlechen Institutiounen
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Iwwer d'Jore war de Ressort vun der Kultur deels an anere Ministeren integreiert:
- 1969 - 1972 :
Ministere des affaires culturelles et des cultes
- 1984 - 1995 :
Ministere des affaires culturelles
- 1995 - 1999 :
Ministere de la Culture
- 1999 - 2009 :
Ministere de la Culture, de l'enseignement superieur et de la recherche
- zanter 2009 :
Ministere de la Culture
- De
Ministere
op gouvernement.lu, der Websait vun der Regierung
- ↑
Constitution des Ministeres
am
Arrete grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du reglement interne du Gouvernement
.
|
---|
Aktuell Ministeren
| |
---|
Freier Ministeren
| |
---|
Kuckt och
| |
---|
Um Spaweck
| Constitution des Ministeres
am
Arrete grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du reglement interne du Gouvernement
.
|
---|