|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Schauspiller Michael Douglas. Fir aner Leit dei sou heeschen, kuckt wgl.
Michael Douglas (Homonymie)
.
|
De
Michael Kirk Douglas
, gebuer de
25. September
1944
zu
New Brunswick
am
New Jersey
als
Michael Issurovitch Demsky
, ass en
US-amerikanesche
Schauspiller
, Film
produzent
an
Oscar
-,
Golden-Globe
an
Emmy
-Gewenner.
Hien ass de Jong vum Schauspiller
Kirk Douglas
an deem senger eischter Fra, der
Diana Dill
. Hien huet Schauspillerei a Regie studeiert, an hat seng eischt Filmroll 1969 an
Hail, Hero!
. Bekannt gouf en nieft dem
Karl Malden
an der TV-Serie
Streets of San Francisco
(1972-1977), woufir en 3 Emmye krut. Hien huet och dem
Milo? Forman
sai Film
One Flew over a Cuckoo's Nest
produzeiert an dofir 1975 den
Oscar
fir de beschte Film kritt. Filmer mat him an der Haaptroll, dei Succes haten, koumen no:
China Syndrome
,
Romancing the Stone
an
The Jewel of the Nile
, dei en och allen drai produzeiert huet.
1988 huet e fir
Wall Street
sain eischten Oscar fir dei bescht Haaptroll kritt. An den 1990er Joren huet hie sai Repertoire vun eischter liichte Kameidisfilmer op mei kontrovers Filmer gewiesselt, wei
Basic Instinct
, dem
David Fincher
sain
The Game
,
Falling Down
oder
Traffic
, dei em souwuel Luef vun de Kritiker wei och kommerzielle Succes abruecht hunn.
Hien ass zanter 2000 mat der Schauspillerin
Catherine Zeta-Jones
bestuet; si hunn zwee Kanner zesummen.