Metz & Cie

Vu Wikipedia

Metz & Cie ass den Numm vun der Gesellschaft iwwer dei d' Bridder Metz jorelaang hir industriell Aktiviteite kontrolleiert hunn.

D'Bezeechnung kann allerdengs verschidde Firme beschreiwen.

Am Joer 1837 huet de Norbert Metz zesumme mat der Societe d'industrie luxembourgeoise eng Societe en commandite gegrennt an dar hien een Drettel vum Kapital gehalen huet mam Objet d'Mille vun Eech an Hesper ze bedreiwen.

Den 21. Abrell 1838 huet den Auguste Metz zesumme mat senge Bridder Charles an Norbert sou wei dem Theodore Pescatore a senger Qualiteit als Administrateur vun der Societe d'industrie luxembourgeoise d' Societe en commandite Auguste Metz & Cie gegrennt mam Objet d' Berbuerger Schmelz ze bedreiwen. Den Auguste Metz war eenzege Commandite . Den Acte vun deser Gesellschaft gett 1845 geannert en vue vum Bau vun der Eecher Schmelz . D'Auguste Metz & Cie gett den 22. Januar 1847 virzaiteg opgeleist.

Eng Woch drop, den 29. Januar 1847 gett eng nei Societe en commandite Auguste Metz & Cie vun de Bridder Metz gegrennt mam Objet d'Schmelze vu Berbuerg an Eech ze bedreiwen. Desen Numm gett, geint dei gesetzlech Bestemmungen, och nom Doud vum Auguste Metz 1854 vu sengem Brudder Norbert baibehalen. D'Aktie ginn eleng vun der Famill Metz gehalen, vum Norbert, vu senger Niess Leonie Metz an hirem Mann Edmond Le Gallais , vum Auguste senger Wittfra Nella Laeis an hire Kanner Leon , Paul an Therese-Albertine sou wei vum Charles sengem Fils Jules Metz .

1845 huet den Auguste Metz d' Schmelz Grondhaff gepacht, dei zu deem Moment nach een Heichuewen hat. Schonn d'Joer drop hatt des Schmelz allerdengs opgehale mat schaffen. 1850 huet hien och d' Simmer Schmelz gepacht, den Heichuewen nees un d'Lafe bruecht a bis 1857 mat Bounenaerz aus dem Kanton Capelle bedriwwen. 1852 koum och nach d' Feschbecher Schmelz dobai, wou zwee Heichiewe mat Bounenaerz aus der Mierscher Geigend bis 1857 bedriwwe goufen. 1857 huet d'Metz & Cie Participatiounen an den daitsche Schmelze vun Malberg bei Bitburg a Merkeshausen bei Prum geholl. Des Heichiewe sinn awer schonn 1863 ausser Betrib gaangen. All des Manoeuvren haten en doubelt Zil: secher d'Produktioun an d'Luucht ze setzen, ma och d'Konkurrenz ze limiteieren.

Op zwielef Heichiewen zu Letzebuerg 1847 hunn der drai de Bridder Metz geheiert. Fennef Joer mei speit hu vu fofzeng Heichiewen der sechs de Metze geheiert.

De 24. August 1865 , dem Joer an deem decideiert gett d' Dummeldenger Schmelz ze bauen, gett d'Gesellschaft a Societe en commandite des Forges d'Eich, Metz & Cie embenannt. De Norbert Metz ass eenzege Commandite. D'Haaptaktiviteite vun der Gesellschaft sinn d'Schmelze vu Berbuerg, vun Eech an d' Societe des mines d'Esch/Alzette , dei zanter 1862 zesumme mat der Societe de la Providence gehale gett. D'Membere vun der Famill Metz halen als al Aktionare vun der Auguste Metz & Cie 1.500 vun den 2.500 Aktie vun der neier Gesellschaft. De Victor Tesch halt der 450 a seng Partner vu Burbach der 155. D'Suen dei iwwer dei 1.000 nei Aktien erakomm sinn, goufe fir dei nei Dummeldenger Schmelz gebraucht. 1866 koum et zu zwou Kapitalerheijung mat zweemol 500 neien Aktien. Enger weider Kapitalerheijung mat 1.500 neien Aktie gouf et 1869-1870 fir de Finanzement vun der Metze Schmelz zu Esch - Scheffleng .

Am Joer 1904 wiesselt d'Raison sociale nach eng Keier wei den Norbert Le Gallais dem Emile Metz sai Successeur als Commandite-Gerant gett. Vun elo un heescht d'Gesellschaft Societe en commandite des Forges d'Eich, Le Gallais, Metz & Cie . Et ass des Gesellschaft dei 1911 an der ARBED opgeet.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]