De
Meteorit vun Treysa
, och
Meteorit vu Rommershausen
, ass e Meteorit deen an engem Besch nordwestlech vun der Uertschaft
Rommershausen
an der
nordhessescher
Gemeng
Schwalmstadt
opgeschloe war. De
Meteorit
goung an dei daitsch astronomesch Geschicht als ee vun de bedeitendsten noweisbar observeierte
Meteorittenaschlei
an der Neizait an. Hie gett als mettleren
Oktaedrit
vun der cheemescher Grupp IIIB klassifizeiert an huet
Widmanstatten-Strukturen
.
Aenzeien hunn den
3. Abrell
1916
um 15:30 Auer vun engem Donnerschlag an Dampwolleke geschwat. D'Liicht an de Kameidi koume vun engem Meteorit, dee bei Rommershausen an de Besch mam Numm
Interessentenwald
geschloe war.
Den
Alfred Wegener
hat en Aenzeienopruff an den Zeitunge gemaach, a konnt d'Bunnn vum Meteorit a seng meiglech Opschlagplaz no deenen hire Berichter, wei sech mei speit erausgestallt huet, mat enger zimmlech grousser Genauegkeet vu +/- 800 m berechnen. Wei no en ettlech Meint de Meterit nach net fonnt gi war, gouf eng Belounung vun 300
Reichsmark
ausgesat, fir dejeinegen deen de Meteorit geif fannen. Tatsachlech gouf de Meteorit doropshi fonnt. Obschonn et jee no Auteur verschidde Meenungen iwwer den Datum an d'Persoun dei de Meteorit fonnt huet gett, gett am Allgemengen de Fierschter Huppmann ziteiert deen de Meteorit de
5. Maerz
1917
an engem 1,50 Meter deiwen Aschlagkrater fonnt huet. Den
Eisen
-
Neckelmeteorit
war 63,28 kg schweier a 36 cm breet. Hie war nemme weineg zersplittert a relativ vollstanneg erhalen. Et goufen 23 Placken an Uschleff vum Meteorit gemaach a vu geologesch-mineralogesche Fuerschungsinstituter ennersicht.
Op der Aschlagplaz gouf
1986
e Stee mat enger Tak vum
Knullgebirgsverein
opgeriicht fir un dat kosmescht Evenement z'erenneren.
De Meteorit selwer ass am
Mineralogesche Musee
zu
Marburg op der Lahn
ausgestallt, an en Ofgoss dovu kann een am
Museum der Schwalm
zu
Ziegenhain
gesinn.
Portal Astronomie
- 750 Jahre Rommershausen, Dorfchronik
.
- Wegener, Alfred
:
Das detonierende Meteor vom 3. April 1916, 3 1/2 Uhr nachmittags in Kurhessen
.
1917
. Nodrock: Elwert, Marburg 2001,
ISBN 3-7708-1160-7