Max Greger

Vu Wikipedia
Max Greger
Gebuer 2. Abrell 1926
Munchen
Gestuerwen 15. August 2015
Munchen
Doudesursaach Kriibs
Nationaliteit Daitschland
Aktiviteit Dirigent, Bandleader, Saxophonist

De Max Greger , gebuer den 2. Abrell 1926 zu Munchen , an och do de 15. August 2015 gestuerwen, war en daitsche Bigband -Leeder, Jazzmuseker , Saxophonist an Dirigent .

Biographie [ anneren | Quelltext anneren ]

De Max Greger huet ufanks Akkordeon geleiert, deen e vu sengem Bopa mat 10 Joer geschenkt krut, don huet hie Klarinett a Saxophon um Conservatoire vu Munchen studeiert.

Nom Zweete Weltkrich, wou en an d'Armei agezu gi war, huet hien als ee vun den eischten Daitschen an amerikaneschen Offizeierskasinoe gespillt a gouf domat e Pioneier vum daitsche Nokrichs-Swing- a Bigbandmilieu. 1948 huet hie sain eischten Ensembel gegrennt, d' Max-Greger-Sextett .

An de Joren dono huet hien domat virun allem fir de Bayerischer Rundfunk an an amerikanesche Clubs s gespillt, wou hien e. a. dem Duke Ellington an d' Ella Fitzgerald getraff huet. Dono koumen dei eischt Laangspill-Placken an Tourmeeen duerch Daitschland an de Rescht vun Europa. Als eischt westlech Band zanter 35 Joer ass hien 1959 an der Sowjetunioun  opgetrueden.

Vun 1963 bis 1977 war hie fest beim ZDF agestallt, an huet an Emissioune wei Vergißmeinnicht , Musik ist Trumpf an Der große Preis gespilt. 1970 ass hie mat sengem Orchester, deem eenzegen aus Daitschland, op der Weltausstellung vun Osaka a Japan opgetrueden.

Dono war hie reegelmeisseg mat sengem Orchester Invite bei Danzconcoursen an huet eng ganz Retsch Placke mat Danzmusek erausbruecht.

1986 huet de Max Greger am ZDF mat enger "Super-Band“ sai 60. Gebuertsdag gefeiert, wou bekannt Kolleege wei den Hazy Osterwald , de Paul Kuhn , den Hugo Strasser an den James Last opgetruede sinn. Vun 1992 huet hien nach als Gaaschtdirigent bei Optretter a Studioproduktioune vun der SWR Big Band gewierkt.

Tescht 1955 an 1977 huet de Max Greger mat senger Bigband mei wei 3000 verschidde Stecker op Placken opgeholl. Sai Repertoire goung vu Schlageren iwwer Bigbandmusek bis Jazz .