|
Desen Artikel ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
De
Maurice Barres
, gebuer den
19. August
1862
zu
Charmes
an de
Vogesen
, a gestuerwen de
4. Dezember
1923
zu
Neuilly
, war e
franseische
Schreftsteller a Politiker, an eng vun den Haaptfigure vum franseischen
Nationalismus
zu enger Zait, an dar vill Fransouse vun enger Revanche gedreemt hunn, fir
Elsass-Loutrengen
zereckzehuelen.
De Barres war den aflossraichste Schreftsteller vu senger Zait a gouf als "Prince de la jeunesse" gefeiert. Hien huet sech an d'Politik engageiert a gouf mat 27 Joer als Deputeierte vun
Nanzeg
gewielt. Hien huet awer heiansdo op dat falscht Paerd gesat. Sou war hien den eenzegen Intellektuellen, deen 1889 dem populistesche
Generol Boulanger
seng politesch Aventure ennerstetzt huet. Am Kontext vun der
Affar Dreyfus
huet hien zu den "Antidreyfusards" geheiert, an 1914-1918 huet hien d'Jugend opgefuerdert, sech fir d'Heemecht ze afferen. Domat ass hien als
Excitateur patriotique
an als
Rossignol du massacre
bezeechent ginn. Wann hie bis 1914-18 als
Antisemit
gegollt hat, sou war dat, nom Patriotismus, deen dei franseisch Judde warend dem
Eischte Weltkrich
un den Dag geluecht haten, net mei de Fall. Trotzdeem hu seng verschidde Positioune mat sech bruecht, datt en no an no vernoleissegt gouf an haut als Denker, trotz senge grousse literaresche Meritten, zimmlech kritesch, heiansdo souguer ongerecht (vgl. Zeev Sternhell), betruecht gett.
Hien huet e. a. de
Charles Maurras
(1868-1952) an de
Jacques Bainville
(1879-1936) mei oder manner beaflosst, an och - enner villen aneren - de jonke
Charles de Gaulle
[1]
.
Fir un de Maurice Barres z'erenneren krut eng Strooss zu
Gaasperech
sain Numm (
rue Maurice Barres
).
"Il [= Maurice Barres]] etait caporal en politique alors que dans le domaine de la litterature il etait un general." -
Andre Malraux
- Sous l'oeil des barbares
; 1888.
- Un homme libre
; 1889.
- Le jardin de Berenice
; 1891.
- Du sang, de la volupte et de la mort
; 1894.
- Le roman de l'energie nationale
(Trilogie): 1]
Les deracines
(1897) - 2]
L'appel au soldat
(1900) - 3]
Leurs figures
(1902).
- La Terre et les Morts
; 1899.
- Les deracines
; 1902.
- Amori et dolori sacrum
; 1903.
- La colline inspiree
; 1913.
- Les Diverses Familles spirituelles de la France
; 1917.
- Barres - Romans et voyages
(= Neiausgab vun den Haaaptwierker an 2 Bann) : Band I, enner der Leedung vum Vital Rambaud, mat engem Virwuert vum Eric Roussel; Parais (Robert Laffont, collection 'Bouquins'), 2014; 1696 Saiten (Reeditioun vun der Ausgab aus dem Joer 1994); Band II, 1994; CLXIII & 1507 Saiten.
- Antoine Compagnon (enner der Leedung vum),
A l'ombre de Barres
; Parais (Gallimard - Collection "L'esprit de la Cite"), 2023; 176 Saiten.
- Emmanuel Godo,
Maurice Barres: Le grand inconnu (1862-1923)
; Parais (Tallandier), 2023; 688 Saiten.
- Estelle Anglade-Trubert,
Maurice Barres - Un destin solitaire
; Parais (Editions du Cerf), 2023; 308 Saiten.
- Yves Chiron,
La vie de Barres
; Erscheinungsplaz onbekannt (Editions Godefroy de Bouillon), 2000.
- Sarah Vajda,
Maurice Barres
; Parais (Flammarion), 2000. - Dozou, vgl. den Artikel vum Richard Sourgnes,
Les erreurs de Barres
, in 'Le Republicain lorrain / 7 HEBDO' vum 17. Dezember 2000!
- Sternhell Zeev,
Maurice Barres et le nationalisme francais
; Parais (Cahiers de la fondation nationale des sciences politique, n° 182; Editions Armand Colin), 1972.
- Maria-C. Haller
,
Lyrisme de Maurice Barres a travers "Un Jardin sur l'Oronte"
; onvereffentlecht Diplomaarbecht (Uni Stroossbuerg), 1951.
- ↑
Francois Kersaudy:
Le monde selon De Gaulle
(Tallandier, 2019), Bd. II:
Le General a livre ouvert...
; S. 364, Foussnott 2