Maurice Barres

Vu Wikipedia
Desen Artikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Maurice Barres
Gebuer 19. August 1862
Charmes
Gestuerwen 4. Dezember 1923
Neuilly-sur-Seine
Doudesursaach Haerzschlag
Nationaliteit Frankraich
Aktiviteit Schreftsteller , Politiker , Romancier, Journalist
Member vun Academie francaise , Ligue de la patrie francaise
Famill
Kanner Philippe Barres

De Maurice Barres , gebuer den 19. August 1862 zu Charmes an de Vogesen , a gestuerwen de 4. Dezember 1923 zu Neuilly , war e franseische Schreftsteller a Politiker, an eng vun den Haaptfigure vum franseischen Nationalismus zu enger Zait, an dar vill Fransouse vun enger Revanche gedreemt hunn, fir Elsass-Loutrengen zereckzehuelen.

De Barres war den aflossraichste Schreftsteller vu senger Zait a gouf als "Prince de la jeunesse" gefeiert. Hien huet sech an d'Politik engageiert a gouf mat 27 Joer als Deputeierte vun Nanzeg gewielt. Hien huet awer heiansdo op dat falscht Paerd gesat. Sou war hien den eenzegen Intellektuellen, deen 1889 dem populistesche Generol Boulanger seng politesch Aventure ennerstetzt huet. Am Kontext vun der Affar Dreyfus huet hien zu den "Antidreyfusards" geheiert, an 1914-1918 huet hien d'Jugend opgefuerdert, sech fir d'Heemecht ze afferen. Domat ass hien als Excitateur patriotique an als Rossignol du massacre bezeechent ginn. Wann hie bis 1914-18 als Antisemit gegollt hat, sou war dat, nom Patriotismus, deen dei franseisch Judde warend dem Eischte Weltkrich un den Dag geluecht haten, net mei de Fall. Trotzdeem hu seng verschidde Positioune mat sech bruecht, datt en no an no vernoleissegt gouf an haut als Denker, trotz senge grousse literaresche Meritten, zimmlech kritesch, heiansdo souguer ongerecht (vgl. Zeev Sternhell), betruecht gett.

Hien huet e. a. de Charles Maurras (1868-1952) an de Jacques Bainville (1879-1936) mei oder manner beaflosst, an och - enner villen aneren - de jonke Charles de Gaulle [1] .

Fir un de Maurice Barres z'erenneren krut eng Strooss zu Gaasperech sain Numm ( rue Maurice Barres ).

Zitat [ anneren | Quelltext anneren ]

"Il [= Maurice Barres]] etait caporal en politique alors que dans le domaine de la litterature il etait un general." - Andre Malraux

Publikatiounen (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Sous l'oeil des barbares ; 1888.
  • Un homme libre ; 1889.
  • Le jardin de Berenice ; 1891.
  • Du sang, de la volupte et de la mort ; 1894.
  • Le roman de l'energie nationale (Trilogie): 1] Les deracines (1897) - 2] L'appel au soldat (1900) - 3] Leurs figures (1902).
  • La Terre et les Morts ; 1899.
  • Les deracines ; 1902.
  • Amori et dolori sacrum ; 1903.
  • La colline inspiree ; 1913.
  • Les Diverses Familles spirituelles de la France ; 1917.
  • Barres - Romans et voyages (= Neiausgab vun den Haaaptwierker an 2 Bann) : Band I, enner der Leedung vum Vital Rambaud, mat engem Virwuert vum Eric Roussel; Parais (Robert Laffont, collection 'Bouquins'), 2014; 1696 Saiten (Reeditioun vun der Ausgab aus dem Joer 1994); Band II, 1994; CLXIII & 1507 Saiten.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Antoine Compagnon (enner der Leedung vum), A l'ombre de Barres ; Parais (Gallimard - Collection "L'esprit de la Cite"), 2023; 176 Saiten.
  • Emmanuel Godo, Maurice Barres: Le grand inconnu (1862-1923) ; Parais (Tallandier), 2023; 688 Saiten.
  • Estelle Anglade-Trubert, Maurice Barres - Un destin solitaire ; Parais (Editions du Cerf), 2023; 308 Saiten.
  • Yves Chiron, La vie de Barres ; Erscheinungsplaz onbekannt (Editions Godefroy de Bouillon), 2000.
  • Sarah Vajda, Maurice Barres ; Parais (Flammarion), 2000. - Dozou, vgl. den Artikel vum Richard Sourgnes, Les erreurs de Barres , in 'Le Republicain lorrain / 7 HEBDO' vum 17. Dezember 2000!
  • Sternhell Zeev, Maurice Barres et le nationalisme francais ; Parais (Cahiers de la fondation nationale des sciences politique, n° 182; Editions Armand Colin), 1972.
  • Maria-C. Haller , Lyrisme de Maurice Barres a travers "Un Jardin sur l'Oronte" ; onvereffentlecht Diplomaarbecht (Uni Stroossbuerg), 1951.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Maurice Barres ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Francois Kersaudy: Le monde selon De Gaulle (Tallandier, 2019), Bd. II: Le General a livre ouvert... ; S. 364, Foussnott 2