한국   대만   중국   일본 
Mascon ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Mascon

Vu Wikipedia
Schweierfeldanomalien op der aerdzougedreiter (lenks) an der Recksait vum Aerdmound: rout = positiv, blo = negativ.

D' Mascon e si groussraimeg Beraicher mat grousser Gestengsdicht enner der Uewerflach vum Aerdmound . Dei masseraichst vun hinne leien am Beraich vun de grousse ronne Moundmierer op der Nordhemisphar- Den Numm gouf vum englesche Wuert mas s con centration ofgeleet.

D'Dicht an engem Mascon lait bei 3,3 g/cm³, fir dat Gestengs ronderem dogeint bei 3,0 g/cm³. D'Mass vun alle Mascone mecht ronn 0,01 bis 0,03 Prozent vun der ganzer Mass vum Mound aus. Als negativ Mascone gi Gebidder bezeechent, dei mei eng kleng Dicht wei den Entourage hunn.

Dei greisst Masconen [ anneren | Quelltext anneren ]

Verglach vun der Topographie vun der Uewerflach (uewen) a vum Mascon-Schweierfeld vum Mare Serenitatis ( Lunar Prospector , NASA ).
Topographie (uewen) a Schweierfeld vum Mare Smithii.

Dei fennef bedeitendst Mascone leien enner de grousse ronne Moundmierer op der aerdzougedreiter Sait (am Bild uewen dei rout Gebidder). Kleng Mascone gett et och op der Moundrecksait , negativ (blo Gebidder) enner en ettlech groussen Aschlagkrateren .

No hirer Greisst opgereite Mascone sinn:

  1. Mare Imbrium , greisst Moundmeer nordwestlech vun der Moundmett
  2. Mare Serenitatis nordestlech vun der Moundmett (kuckt d'Bild riets)
  3. Mare Crisium am Osten
  4. Mare Nectaris sudestlech vun der Moundmett
  5. Mare Humorum am Sudwesten.

Mei kleng an onreegelmeisseg sinn:

  1. Mare Humboldtianum (nordestleche Moundrand)
  2. Mare Orientale (greisstendeels op der Moundrecksait)
  3. Mare Smythii (um Ostrand, kuckt d'Bild riets)
  4. Rank um Risekrater Korolev (Moundrecksait)
  5. Regioun em de Gagarin
  6. Regioun Mendel -Ryberg (Moundrecksait).

Negativ Mascone si bei ville Rankbierger a Grousskrateren ze fannen, e. a.:

Entdeckungsgeschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Scho bei den eischte Moundsonden, dei em de Mound gekreest sinn ( Lunar Orbiter ), goufe Bunnsteierungen a Form vun enger regional mei staarker Bunnkremmung entdeckt, wat d'Astronomen op Onreegelmeissegkeeten an der Masseverdeelung um Mound higewisen huet. Nemme bei enger kugelsymmetrescher Masseverdeelung emkreest e Satellit en Himmelskierper op enger elliptescher Bunn. Dei onreegelmeisseg Emleef vun de Sonde konnten nemme mat Graviteitsanomalien erklaert ginn. D' Lunar-Prospector-Missioun huet dei Gebidder kartographeiert an eng detailleiert Kaart vu Masconen opgestallt.

Genesistheorien [ anneren | Quelltext anneren ]

Well Masconen enner den Aschlagskrateren a Maria leien, geet hir Genesis op d'Zait vum leschte grousse Bombardement virun zirka 4 bis 3,8 Milliarde Joer zereck. Riseg Meteoritte sinn an dar Ara op de Mound gefall an hu seng Gestengskuuscht duerchbrach. D' Magma dat doduerch op d'Uewerflach koum, huet sech dunn iwwer d'Mounduewerflach verdeelt a sou sinn d'Maria entstanen. Drenner entstoungen d'Masconen. Verschidde Wessenschaftler huelen un, datt d'Mascone Reschter vun de Meteoritteneisekare sinn, anerer gi vu Lavablosen aus, dei duerch d'Aschlei eropkoumen.

Miessunge vun den Apollo-Missioune loossen dogeint unhuelen, datt dei ronn Becken am Ufank nemmen deelweis mat Magma gefellt goufen. Dei Basaltmassen (Gestengsdicht 3,3 g/cm³) sinn am Kuuschtegestengs vun der Emgeigend (2,9 bis 3,4 g/cm³) sou wait ennergaangen, bis en isostatescht Glaichgewiicht erreecht war. D'Schicht ass verstengert, soudatt speider neie Basalt d'Maria bis op dei haiteg Heicht opgefellt huet. Am Zentrum vun de ronne Maria ass d'Basaltschicht ongefeier 25 km deck, op d'Ranner zou helt d'Deckt of.

Dei onreegelmeisseg geformt Moundmierer hunn dogeint keng Masconen a si manner deif. Si si warscheinlech glaichzaiteg mat den ieweschte Lavaergess vun de ronne Maria entstanen.

Masconen op der Aerd? [ anneren | Quelltext anneren ]

Enner de groussen Aschlagkrateren op der Aerd wei z. B. enner dem Nordlinger Ries si keng Massekonzentratiounen nogewise ginn. Et gett ugeholl, datt deen duerch de Fluch an d'Atmosphar opgehetzte Kar beim Opschlag verdampt war oder d'Stecker sech beim Opprall groussflacheg verdeelt hunn. D' Aerdkuuscht ass och vill mei deif wei dei freier Moundkuuscht a gouf net wei beim Entstoe vun de Marebecken duerchschloen. An der Antarktis zu Wilkesland gouf am Joer 2006 eng grouss Graviteitsanomalie entdeckt, dei e Mascon keint sinn.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie