한국   대만   중국   일본 
Maria Theresia vun Eistraich ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Maria Theresia vun Eistraich

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat der Aerzherzogin a Kinnigin vun Ungarn a Beimen. Fir aner Persoune mam Titel Maria Theresia vun Eistraich, kuckt wgl. Maria Theresia vun Eistraich (Homonymie) .
Maria Theresia vun Eistraich
Titelen
Virganger Karl VI.
Nofollger Joseph II.
Biographie
Gebuer 13. Mee 1717
Hofburg
Gestuerwen 29. November 1780
Wien
Bestuet mat Franz I. Stephan
Papp Karel VI.
Mamm Elisabeth Christine vu Braunschweig
Kanner Joseph II. , Leopold II. (HRR) , Maria Karolina vun Eistraich, Marie-Antoinette vun Eistraich
Mariatheresiendaler

D' Maria Theresia vun Eistraich , gebuer den 13. Mee 1717 zu Wien , an do gestuerwen den 29. November 1780 , war Aerzherzogin vun Eistraich ( 1740 - 1780 ), Kinnek [1] , [2] vun Ungarn ( 1741 - 1780 ), a Kinnigin vu Beimen ( 1743 - 1780 ).

Obschonn dacks als Keeserin genannt, war d'Maria Theresia nimools Keeserin vum Hellege Reimesche Raich .

Si war dei eelst Duechter vum Karl VI. ( 1685 - 1740 ). Hire Brudder Leopold (* 1716 ), den eenzege mannlechen Trounfolger, ass 1716 gestuerwen. Doduerch huet si, nom Doud vum Karl VI. ( 1740 ), samtlech Herrschafte vun den Habsburger geierft. Dat war och de Grond fir den eistraicheschen Ierffollegkrich .

1736 ass si mam Francois III. , Herzog vu Loutrengen , ( 1708 zu Nanzeg - 1765 zu Innsbruck ), bestuet ginn. Doduerch ass d'Linn Habsburg-Loutrengen entstanen an de Francois III. gett als Franz I. Stephan 1745 zum Keeser gewielt. Vun deem Moment un huet d'Maria Theresia sech och als Reimesch Keeserin betitelt.

Kanner [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Maria Theresia hat 16 Kanner (11 Meedercher, 5 Jongen):

  • Maria Elisabeth (* 5. Februar 1737; † 7. Juli 1740)
  • Maria Anna (* 6. Oktober 1738; † 19. November 1789)
  • Maria Karolina (* 12. Januar 1740; † 25. Januar 1741)
  • Joseph II. (* 13. Maerz 1741; † 20. Februar 1790)
  • Marie Christine (* 13. Mee 1742; † 24. Juni 1798), 1766 bestuet mam Herzog Albert vun Sachsen-Teschen (1738-1822)
  • Marie Elisabeth (* 13. August 1743; † 25. September 1808), Abtissin zu Innsbruck
  • Karl Joseph (* 1. Februar 1745; † 18. Januar 1761)
  • Maria Amalia (* 26. Februar 1746; † 18. Juni 1804), 1769 bestuet mam Herzog Ferdinand vu Parma (1751-1802)
  • Leopold II. (* 5. Mee 1747; † 1. Maerz 1792)
  • Karolina (*/† 17. September 1748)
  • Johanna Gabriela (* 4. Februar 1750; † 23. Dezember 1762), verloobt mam Ferdinand I. , Kinnek vu Sizilien (1751-1825)
  • Josepha (* 19. Maerz 1751; † 15. Oktober 1767), och verloobt mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien
  • Maria Karolina (* 13. August 1752; † 7. September 1814), 1768 bestuet mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien
  • Ferdinand (* 1. Juni 1754; † 24. Dezember 1806), bestuet mam Maria Beatrice d'Este , Ierwin vum Herzogtum Modena
  • Marie Antoinette (Maria Antonia) (* 2. November 1755; † 16. Oktober 1793), 1770 bestuet mam Louis XVI. , Kinnek vu Frankraich (1754-1793)
  • Maximilian Franz (* 8. Dezember 1756; † 27. Juli 1801), Aerzbeschof, Kurfurst vu Koln

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Jean-Baptiste Determe

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Maria Theresia vun Eistraich ? Biller, Videoen oder Audiodateien
Virganger:
Karl III.
Kinnigin vun Ungarn
1740 - 1780
Nofollger:
Joseph II.
Virganger:
Karl Albrecht
Kinnigin vu Beimen
1743 - 1780
Nofollger:
Joseph II.

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. ?D'Maria Theresia war vun elo un de Rex Hungariae (Kinnek vun Ungarn). E weiblechen Titel war an der Verfassung net virgesinn.“ Quell: Martin Mutschlechner, Eljen kiraly ? es lebe der Konig! Maria Theresia und Ungarn , op ?Die Welt der Habsburger“, gekuckt de 26 Juni 2018
  2. ?An Ungarn gett si 1741 als Kinnek gewielt, dei weiblech Form vum Titel existeiert net“ Quell: Ulinka Rublack, Maria Theresia: Die Ausnahmefrau op www.zeit.de, gekuckt de 26. Juni 2018