De
Marc (Marco) Lambert
, gebuer den
11. Juli
1914
an der
Stad Letzebuerg
[1]
a gestuerwen de
27. Januar
2004
, war e letzebuergesche Manager. Vun 1957 bis 1990 war hie Generaldirekter vun der Versecherungsgrupp
Le Foyer
.
De Fils vum Banquier
Max Lambert
, engem Grenner vum Foyer, war mat der
Manon Laval
, der Duechter vum engem anere Grenner vum Foyer, dem
Leon Laval
, bestuet. D'Koppel hat zwou Duechteren, d'Claude Penning-Lambert (*1940) an d'Christiane Worre-Lambert (*1943).
De Marc Lambert, Docteur en Droit, huet den
10. Mee
1940
beim Foyer ugefaange wou hien 1944 Direkter gouf. 1957 gouf hie President vum Verwaltungsrot a Generaldirekter vu Le Foyer, Compagnie luxembourgeoise d'assurances.
1990 huet hie sech aus dem operationelle Geschaft zereckgezunn ma blouf President vum Verwaltungsrot vu Le Foyer S.A., der Daachgesellschaft vun der Compagnie. Enner senger Leedung ass den Emsaz vum Foyer vun 300.000 Euro op iwwer 400 Milliounen Euro geklommen.
Vun 1967 bis 2004 war de Marc Lambert President vum
Golf Club Grand-Ducal
.
De Marc Lambert ass de
27. Januar
2004
doheem um Haff
Klengelbur
, tescht dem
Briddel
a
Steesel
, gestuerwen.
- Jules Mersch
:
Biographie nationale du pays de Luxembourg
, Fascicule XII, 1963
- Le Foyer: Rapport annuel 2003, Luxembourg, 2004
- ↑
Luxroots.com.