한국   대만   중국   일본 
Lynchjustiz ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Lynchjustiz

Vu Wikipedia

Lynchjustiz ass e Mord un enger oder mei Persounen dee begaange gett, fir d'Affer ze bestrofen oder bestemmt aner Bevelkerungsgruppen anzeschuchteren, ze kontrolleieren oder ze manipuleieren. Dat Ganzt spillt sech generell an der Effentlechkeet ouni Geriichtsprozess a Verdikt of.

An Zaite vu sozialen a wirtschaftleche Spannunge kennt Lynchjustiz mei dacks vir a gellt als Method vun domineierende Gruppe fir hir Geigner kleng ze halen. D'Lynchen ass d'Resultat vun enger laanger Zait mat Virurteeler an Diskriminatioun , deen d' Gesellschaft dozou brengt sou Praktiken als normal "Volleksjustiz" z'akzepteieren.

Obwuel d'Rassenennerdreckung an den USA dem Begreff "Lynchen" seng aktuell Bedeitung ginn huet, gett et sou Praktiken iwwerall op der Welt, besonnesch wa Velker Mensche bestrofen, dei sech ausserhalb vun den an dar Regioun gesellschaftlech akzepteierte Limitte beweegen.

D'Lynchen ass e gewalttatege Phenomeen, dee schweier ze konzeptualis eieren ass, well vill verschidden Aspekter eng Roll spillen; doweinst ass seng Definitioun emmer kontrovers. Trotzdeem gett et vill gemeinsam Charakteristike bei alle Fall vu Lynchjustiz, dei ouni grouss Ambivalenz kenne beschriwwe ginn. Esou ass d'Lynchen e Verbriechen , dat vun enger Menschemass geint eng Persoun oder eng kleng Grupp u Leit begaange gett, well dei mat den etableierte sozialen Norme gebrach hunn, oder hinnen dat op d'mannst virgeworf gett.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Lynchen ? Biller, Videoen oder Audiodateien