De
Ludovic Orban
, gebuer de
25. Mee
1963
zu
Bra?ov
, ass a
rumanesche
Politiker
(
PNL
. Hie war vum 4. November 2019 bis de 7. Dezember 2020 Premierminister a Rumanien.
Hien huet bis 1988 op der
Universiteit Bra?ov
Maschinnnebau studeiert an dono als Ingenieur an 1991/92 als Redakter vun enger Dageszeitnug geschafft. Hien huet sech an der
Partidul Liberal 1993
engageiert, dei speider mat aneren zu der PNL fusioneiert huet. 2002 gouf hie President vun der
Bukarester
PNL.
1999 gouf den Orban Staatssekretar. Vun 2004 bis 2007 war hien Delegeierte Buergermeeschter vu
Bukarest
. 2007 gouf e Verkeiersminister an der Regierung vum Premier
C?lin Popescu-T?riceanu
. 2008 gouf hien an d'rumanescht Parlament gewielt. 2017 gouf e President vun der PNL. Nodeems d'Koalitioun vun der Premierministesch
Viorica D?ncil?
auserneegebrach war, gouf den Orban de 15. Oktober 2019 vum Staatspresident
Klaus Johannis
chargeiert, eng nei Regierung opzesetzen. Se gouf de 4. November vum Parlament guttgeheescht.
De Ludovic Orban ass bestuet an huet ee Kand. Sai grousse Brudder
Leonard Orban
war Europaminister an EU-Kommissar an der
Kommissioun Barroso I
.