Lucien Thiel

Vu Wikipedia
Lucien Thiel
Gebuer 14. Februar 1943
Letzebuerg
Gestuerwen 25. August 2011
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Politiker , Journalist
Partei CSV

De Lucien Thiel , gebuer de 14. Februar 1943 an der Stad Letzebuerg , [1] och do gestuerwen de 25. August 2011 , [2] , [3] war e letzebuergesche Journalist a Politiker ( CSV ).

De Lucien Thiel war vun 1968 bis 1980 Chefredakter vun der Revue a vun 1981 bis 1990 Chefredakter vum Letzebuerger Land . Duerno war e, bis 2004 , Direkter vun der ABBL . Vun 2000 bis 2002 war hien zousatzlech President vum Conseil economique et social .

2004 gouf de Lucien Thiel an d' Chamber gewielt, an 2005 an de Stater Gemengerot .

Hie gouf 2009 an d'Chamber eremgewielt. Do gouf hien, nom Recktrett vum Jean-Louis Schiltz am Februar 2011, Fraktiounschef vu senger Partei.

De Lucien Thiel war Matgrenner vun der Fondatioun Kraizbierg an zanter 2011 President dovun.

Hie war bestuet a Papp vun 2 Kanner.

De 16. Mee 2017 huet de Stater Gemengerot decideiert, eng nei Strooss um Kierchbierg no him ze nennen. [4]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Luxemburger Lexikon , 1. Oplo, 2006, S. 421
  2. " survenu a Luxembourg, le 25 aout 2011 ", Doudesannonce vun der Chamber, Luxemburger Wort Nr 199 vum 27. August 2011, S. 57
  3. CSV-Fraktionschef Lucien Thiel gestorben. Wort.lu (2011-08-25). [1]
    Lucien Thiel ist tot. Tageblatt.lu (2011-08-25). [2]
  4. op archives-vdl.findbuch.net