Luis Galvao Teles

Vu Wikipedia
Luis Galvao Teles
Gebuer 4. Dezember 1945
Lissabon
Nationaliteit Portugal
Educatioun Universiteit vu Lissabon
Aktiviteit Filmregisseur , Dreibuchauteur , Filmediteur , Jurist

De Luis Manuel Monteiro Galvao Teles , gebuer de 4. Dezember 1945 zu Lissabon , ass e portugisesche Jurist a Filmregisseur . [1] Hie wunnt zu Letzebuerg an huet e puer portugiseschsproocheg Filmer a Koproduktioun mat Letzebuerger Filmgesellschafte gedreint.

Biographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Dem Luis Galvao Teles sai Papp war och Jurist, genee wei sai Brudder Miguel. Hien huet Droit op der Universiteit vu Lissabon studeiert a sai Studium do am Joer 1967 ofgeschloss.

Donieft war hien och Regieassistent beim portugiseschen Televisiounssender RTP a huet 1968 um Institut de formation cinematographique zu Parais studeiert. Hie war e freie Member vum Centro portugues de cinema. No der Revolutioun vum 25. Abrell 1974 huet hien e puer Opnamen iwwer dei Zait gefilmt, dei Deel vum Documentaire As Armas e o Povo (1975) vun engem Regisseurskollektiv sinn.

1977 huet hien de Spillfilm A confederacao ? o povo e que faz a historia gedreint, deen mat Grousse Prais vum Internationale Filmfestival vu Figueira da Foz ausgezeechent gouf an eng Eierementioun um Filmfestival vu San Remo krut.

Dem Luis Galvao Teles seng Comedie A vida e bela?! (1982) war zwar e grousse Publikumserfolleg mee ass bei de Kritiker duerchgefall.

Hien ass 1986 op Letzebuerg komm fir als Jurist um Europaesche Geriichtshaff ze schaffen, a wunnt haut um Briddel . [2] Eegenen Aussoen no war de Luis Galvao Teles och um letzebuergesche Film Schacko Klak (1990) bedeelegt. [2]

Ereischt zeng Joer nom leschte Spillfilm huet hie sain nachste Film erausbruecht, Retrato de familia (1991). Deen ass eng Koproduktioun mat der letzebuergescher Paul Thiltges Distributions a gouf deelweis zu Letzebuerg gedreint. [2] D'Haaptrollen haten de Joaquim de Almeida , dee fir seng Roll als Miguel als "Beschte Schauspiller" um Filmfestival vu Kairo primeiert gouf, an d' Maria de Medeiros .

1997 huet de Luis Galvao Teles seng eege Filmproduktiounsgesellschaft Fado Films gegrennt, zesumme mat Samsa Film . [2] [3] Am selwechte Joer huet hien eng weider letzebuergesch Koproduktioun an de Kino bruecht, de franseischsproochege Spillfilm Elles . Am Casting waren e puer grouss Nimm ze fannen, dorenner d'Fransousin Miou-Miou , d'Schwaizerin Marthe Keller , d'Amerikanerin Marisa Berenson an erem de Portugis Joaquim de Almeida . Elles war deen eischte letzebuergesche Film, dee fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschte friemsproochege Film" proposeiert war. [4] E gouf awer net nomineiert. De Film gouf och op fennef Filmfestivalle mat engem Prais ausgezeechent.

Fir de Privatsender SIC huet de Luis Galvao Teles zesumme mat sengem Jong Goncalo de Fernseefilm A noiva (2000) gedreint, eier en 2003 mat Tudo isto e fado eng weider letzebuergesch Koproduktiouns erausbruecht huet. D'Haaptrollen an dar Comedie haten den Danton Mello , den Angelo Torres an d' Ana Cristina de Oliveira . 2007 koum eng weider Comedie, Dot.com eraus. Nieft senger Aarbecht als Regisseur huet hien zenterhir och eng ganz Rei aner Filmer, Documentairen a Fernseeserie produzeiert.

Mat sengem Jong Goncalo huet hien op en neits 2016 d'portugisesch-spuenesch Koproduktioun Gelo gedreint huet. Et handelt sech em e Fantasy - Drama mat der Spuenierin Ivana Baquero an dem Portugis Jose Afonso Dias Pimentel an den Haaptrollen.

2023 kennt d'Televisiounsserie Historias da Montanha eraus, bei dar de Luis Galvao Teles Regie gefouert huet. [5]

Filmographie als Regisseur (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • 1975: As Armas e o povo (als Deel vun engem Kollektiv)
  • 1978: A confederacao - O povo e que faz a historia
  • 1978: A rapariga dos fosforos
  • 1982: A vida e bela?!
  • 1991: Retrato de familia
  • 1997: Elles
  • 2003: Tudo isto e fado
  • 2005: Glamour (Kuerzfilm)
  • 2006: Dot.com
  • 2016: Gelo
  • 2016: Refrigerantes e cancoes de amor

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Biographie op ibermediadigital.com (gekuckt den 11. August 2022)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 wort.lu: Galvao Teles. “O primeiro filme feito no Luxemburgo deixou-me uma mossa na cabeca” vum Vanessa Castanheira (15. November 2019)
  3. Biographie a Filmographie vum Luis Galvao Teles op cinemaportuguesmemoriale.pt
  4. oscars.org: 44 Countries Hoping for Oscar Nominations (24. November 1997; archiveiert)
  5. cm-montalegre.pt: ' Historias da Montanha' | Serie rodada no concelho (4. Mee 2022)