|
|
|
|
|
Eng
Lokomotiv
ass e Gefier dat op Schinne fiert an en
Zuch
undreift.
Eng Lokomotiv transporteiert selwer keng Notzlaascht, sprech keng Passageier oder Gidder.
Dat ennerscheet eng Lokomotiv vun enger
Automotrice
dei, wei den Numm et scho seet, selwer fir den Undriff suergt.
Et gett ennerschiddlech Zorte vu Lokomotiven, ofhangeg vun der
Energiequell
dei se benotzen.
- Fir de Fall datt et zu enger Pann kennt ass et aus praktescher Siicht besser fir dei dreiwend Elementer vun engem Zuch vum Rescht ze trennen. Op dei Aart a Weis kann dat dreiwend Element ausgetosch ginn an d'Pann huet keen direkten Impakt op den Zuch als Ganzt.
- Aus ekonomescher Siicht ass d'Lokomotiv emmer deen deiersten Deel vun engem Zuch. Et ass doweinst interessant desen Deel och mat aneren Zich asetzen ze kennen.
- D'Usprech an d'Besoine vun engem Zuch u sain dreiwend Element kenne sech anneren. Dann ass et praktesch wann nemmen d'Lokomotiv eng aner muss sinn an net de ganzen Zuch ausgetosch muss ginn, zum Beispill wann en Zuch deen normalerweis mat enger elektrescher Lokomotiv fiert, muss iwwer eng Streck ouni
Catenaire
devieiert ginn.
- Automotrice si mei effizient wei Lokomotive well se mam ganze Gewiicht vun der Ramm schaffe kenne fir den Zuch a Beweegung ze setzen, respektiv fir en ofzebremsen. Eng Lokomotiv huet nemmen hir eege Mass fir den Zuch ze beweegen.
- Automotrice si mei fiabel wei Lokomotive well se mat mei wei engem Motor schaffen. Sollt emol ee Motor futti fueren, da kann eng Automotrice trotzdeem mat reduzeierter Leeschtung weiderfueren.
- Automotricen hunn dee grousse Virdeel datt se zwei Fuhrerstann hunn an doweinst dat dreiwend Element bei engem Richtungswiessel net muss emgesat ginn. Bei Lokomotive gett dee Manko duerch den Asaz vu
Steierween
kompenseiert.
- Automotrice sinn och mei secher wei Lokomotiven, well bei enger Automotrice jiddwer Element seng eege Bremsen huet. Bei enger Pann un enger vun de Bremse kennen d'Bremse vun deenen aneren Elementer den Zuch un d'Stoe brengen.
Damplokomotive waren dei eischt Lokomotiven dei et gouf. Dobai gi
fossil
Brennstoffer (
Kuelen
,
Mazout
) oder
Holz
verbrannt dei d'
Waasser
am Kessel zum Kache brengen. Duerch de Waasserdamp entsteet Drock deen iwwer Pistonen an eng Rei Staangen d'Lokomotiv a Beweegung setzt.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Damplokomotiv
.
Bei dieselelektresche Lokomotive gett eng Generatrice vun engem Dieselmotor ugedriwwen a sou elektresche Stroum produzeiert, mat deem een oder mei elektresch Motore gespeist ginn, dei d'Lokomotiv a Beweegung setzen.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Dieselelektresch Lokomotiv
.
Bei Lokomotive mat Gasturbinne gett Gas benotzt fir elektresche Stroum ze produzeiere mat deem dei elektresch Motore gespeist ginn. No de Petrolskrisen an den 1970er Jore goufe vill sou Lokomotive gebaut.
Elektresch Lokomotive si Lokomotiven dei de Stroum fir hir Motoren aus enger
Catenaire
oder enger
Stroumschinn
kreien. Et gett Lokomotive fir
Glaichstroum
an darer fir
Wiesselstroum
. Glaichstroumlokomotive kennen de Stroum direkt an hire Motor aspeisen, warend Wiesselstroumlokomotiven de Stroum mat Hellef vun engem
Transformator
oder
Thyristor
a Glaichstroum emwandele mussen.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Elektresch Lokomotiv
.
Hybridlokomotive sinn eng relativ rezent Entwecklung bei dar d'Lokomotive mat mei wei engem System ekipeiert si fir Energie ze produzeieren. Fir geweinlech hunn Hybridlokomotiven en Dieselmotor a kennen zousatzlech nach mat Elektriziteit aus enger Catenaire oder Schinn fueren.
Eng
Drockloftlokomotiv
ass eng Lokomotiv dei mat Drockloft ugedriwwe gett, dei a speziellen Drockloftbehaltere gespaichert ass, dei reegelmeisseg mat Hellef vu Kompresseren opgefellt ginn.
Duebellokomotive bestinn aus zwou Lokomotiven, dei permanent unennee gekoppelt sinn, a vun deenen am Prinzip eng aleng net funktioneiere kann.