|
Dese
Geographiesartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
D'
Lofote
sinn eng
Inselgrupp
laanscht d'Nordkust vun
Norwegen
.
D'Lofote leien eppes 100 bis 300 km nerdlech vum
Polarkrees
am
Atlantik
, a sinn duerch de
Vestfjord
vum Festland getrennt. D'Inselgrupp lait domat tescht dem 67. und 68.
Breedegrad
. Dei wichtegst
Insele
sinn duerch
Brecken
oder
Tunnelle
matenee verbonnen.
Politesch geheieren d'Lofoten zur
Fylke
(Provenz)
Nordland
. D'Haaptuertschaft ass
Svolvær
op Austvagøy. Zu de Lofote geheieren d'Gemenge
Vagan
,
Vestvagøy
,
Flakstad
,
Moskenes
,
Værøy
a
Røst
.
D'Lofoten hunn zirka 27.000 Awunner, dei op enger Flach vun 1.227 km² liewen.
Nerdlech an estlech lait eng weider Inselgrupp, d'
Vesteralen
.
Zanter zirka 6000 Jore wunne Menschen op de Lofoten. Deemools hunn se vum Feschfank a vun der
Juegd
gelieft. An der
Wikingerzait
gouf et puer Siidlunge mat sougenannten
Hauptlingshaff
. Eng Nobildung ass zu
Borg
nees opgebaut ginn.
Am 14. Joerhonnert haten d'Handler vu
Bergen
de Feschhandel an der Hand.
D'Landschaft war warend Joerhonnerten weineg bewuess, an et goufen net vill
Beem
, well d'Leit d'
Bescher
ofgeholzt hunn, fir Haiser a
Scheffer
ze bauen. Haaptsachlesch d'Ostsait vun den Inselen ass besidelt, well do de Wand an d'Welle sech net sou staark bemierkbar maachen - d'
Bierger
, dei op Plaze mei wei 1.200 m heich sinn, hunn e Charakter wei an den
Alpen
a schwachen den Afloss vum raue Wieder of.
D'Haaptakommes vun den Awunner ass nieft dem
Tourismus
de Feschfank an dei domat verbonnen Industrie. De Feschfank op de Lofoten, deen all Joer Honnerte vun klenge Booter mobiliseiert, gett tescht Mett Januar a Mett Abrell gemaach. De gefangenen
Dorsch
gett zu
Klippfesch
oder
Stackfesch
(
Tørrfisk
) verschafft an ass haaptsachlech fir den Export bestemmt.
D'
Europastrooss
E10
fankt zu
A i Lofoten
un a verleisst no 170 km d'Lofoten zu
Fiskebøl
.
Bus
verbindungen gett et op de Vesteralen, mat Uschloss un d'
Bunn
zu
Bodø
.
D'Scheffer vun den
Hurtigruten
halen op de Lofoten zu
Stamsund
an zu
Svolvær
. Vu Svolvær no Skutvik fiert eng Autofar.
Et gett drai Fluchhafen op de Lofoten, bei Svolvær, Leknes an op der Insel Røst.