Lille
(
hollannesch
Rijsel
) ass eng Stad am Norde vu
Frankraich
. Si ass d'Prefecture vum
Departement Nord
an der
Regioun
Hauts-de-France
. Buergermeeschtesch ass zenter 2001 d'
sozialistesch
Politikerin
Martine Aubry
.
Lille lait um Floss
Deule
op der
belscher
Grenz.
D'Gemeng Lille huet ronn 231.000 Awunner. D'Agglomeratioun, mat den Nopeschstied
Roubaix
an
Tourcoing
an der 1970 gegrennter Banlieue
Villeneuve-d'Ascq
huet mei wei 1,1 Milliounen (1999) Awunner.
Zu Lille liewen, jee nodeem, wei een zielt, 90.000 bis 150.000 Studenten.
Den Numm Lille kennt dohier, well d'Stad op enger
Insel
louch,
Lille
=
L'Ile
; och den hollanneschen Numm
Rijsel
=
Ter ijsel
(
zu der Insel
) dreckt dat aus.
1054
daucht Lille eng eischt Keier an de schreftleche Quellen op.
1214
war zu
Bouvines
, direkt baussent Lille, dei decisiv Schluecht tescht de Staufer an de Kapetenger op dar enger an de Welfen op dar anerer Sait, dei zu Gonschte vum franseische Kinnek
Philippe II. vu Frankraich
ausgoung. Vun ufanks un huet Lille zu der
Grofschaft Flandern
geheiert, war awer emmer franseischsproocheg.
1304
koum Flandern enner direkt franseisch Administratioun, ass
1384
awer ness un d'
Haus Bourgogne
gefall, dat Lille, nieft
Breissel
an
Dijon
zu enger vu sengen drai Residenzstied gemaach huet.
1477
gouf d'Bourgogne
habsburgesch
, a Lille gouf domat
1555
Deel vun de
Spueneschen Nidderlanden
. Den
28. August
1667
huet de
Louis XIV.
Lille belagert, dat de
25. September
kapituleiert huet. Hien huet d'Festung vun der Stad duerch de
Vauban
ausbauen a verstaerke gelooss.
De Vauban huet och eng
fennefeckeg
Zitadell
baue gelooss, dei zu enger vun de staerkste vun
Europa
gezielt huet. Nei Quartieren, Saint-Andre a Madeleine, sinn entstanen. Am
Spueneschen Ierffollegkrich
ass d'Festung Lille vun der Allianz geint Frankraich ageholl ginn, Frankraich huet awer daerfen, wei am
Fridde vun Utrecht
1713
festgeleucht, Lille behalen.
Wei an der
Franseischer Revolutioun
d'Departementer geschaf goufen, gouf Lille d'Prefecture vum
Nord
. An der
Industrieller Revolutioun
ass, weinst dem Opschwonk vun der
Duch-
an
Textilindustrie
, an och dem Ofbau vun der
Kuel
, d'Stad rasant gewuess.
1858
goufen d'Uertschafte Fives, Wazemmes, Moulins an Esquermes fusioneiert, soudatt Lille
1872
158.000 Awunner hat.
Am
Eischte Weltkrich
war Lille vum Oktober
1914
bis Oktober
1918
daitsch besat a gouf, weinst der Front, dei nobai war, zum Deel zersteiert. Am
Zweete Weltkrich
gouf Lille, mam ganzen Departement Nord, net der franseischer, ma der belscher Besatzungsverwaltung vun der Wehrmacht ennerstallt. Lille gouf den
3. September
1944
duerch dei Allieiert befreit.
Lille huet Partnerschafte mat deenen heite Stied:
Lille war
2004
, zesumme mat
Genua
,
Europaesch Kulturhaaptstad
.
Zanter
1976
gett et den
Orchestre national de Lille
.
Museeen zu Lille
:
- Musee Charles de Gaulle
- Musee d'Arts Populaires de Lille-Sud
- Musee de l'Hospice Comtesse
- Musee de l'Institut Pasteur
- Musee des Beaux-Arts
|
- Musee des Cannoniers Sedentaires
- Musee d'Histoire Naturelle et de Geologie
- Musee Diocesan d'Art Religieux
- Musee Industrial et d'Ethnologie
- Palais Rihour
|
Lille ass eng wichteg Kraizung am europaeschen
TGVs
-Reseau: et lait op der Linn vum
Eurostar
op
London
an dem
Thalys
op
Amsterdam
a Koln.
Zu oder direkt bei Lille gett et veier Universiteite mat am Ganzen enger 110.000 Studenten: dei drai Universiteiten (dei 1970 gespleckt goufen)
Universiteit Lille I
mat enger technesch-naturwessenschaftlecher Orienteierung,
Universiteit Lille II
mat de Fakulteite fir Economie, Droit, Medezin a Sport,
Universiteit Lille III
mat de geeschteswessenschaftleche Facher, an als veiert d'
Universite catholique de Lille
. Zu
Villeneuve-d'Ascq
, direkt bei Lille, ass d'
Ecole Centrale de Lille
, eng beruumt franseisch Schoul fir Ingenieuren, dei 1854 gegrennt gouf an ewell zu Lille I geheiert; si gett zu de
Grandes Ecoles
gezielt. Ausserdeem ass zu Lille dei greisst franseisch Managementschoul, d'
SKEMA Business School
mat ronn 7.000 Studenten. Och d'
EDHEC Business School
ass do, sou wei eng Retsch aner tertiar Bildungs- a Weiderbildungsinsituter, wourenner och d'
Ecole superieure de journalisme de Lille
, och
IESEG School of Management
.