Lian Reckinger

Vu Wikipedia
Lian Reckinger
Gebuer 1942
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Sculpteur
D'Lian Reckinger an hirem Atelier op der Schlaifmillen mam Wuesmodell vun der Bronzebuste vum Groussherzog

D' Lian Reckinger , gebuer 1942 zu Letzebuerg , ass eng letzebuergesch Sculptrice mat letzebuergeschen an italieeneschen Originnen.

Hir Premiere huet si 1961 an der Europaschoul zu Letzebuerg gemaach. Vun 1961 bis 1967 war si an der Staatliche Akademie der Bildenden Kunste zu Stuttgart ageschriwwen, wou se beim Uli Gunther Keramik , a Skulptur beim Rudolf Hoflehner studeiert huet. Duerno huet si Stagen zu Sesto Fiorentino an op Sizilien gemaach.

1971 krut se hiren Diplom, fir zu Letzebuerg Konscht z'enseigneieren.

D'Lian Reckinger gett Konschtcoursen an engem Lycee Technique zu Letzebuerg a si huet hiren Atelier op der Schlaifmillen .

2007 krut si den Optrag vum groussherzoglechen Haff fir eng Bronze -Buste vum Groussherzog , dei geduecht ass fir am Groussherzogleche Palais , am Schlass Bierg an a verschiddene Ministeren opgestallt ze ginn.

Si ass zanter 1968 mam Moler Schorsch Mayer bestuet.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]