De
Leslie Copus Peltier
, gebuer den
2. Januar
1900
zu
Delphos
,
Ohio
a gestuerwen den
10. Mee
1980
, war en
US-amerikaneschen
Astronom
. Hien huet als Amateurastronom e ganze Koup
Komeiten
entdeckt, an d'
verannerlech Staren
ennersicht. Hie war Member an der
American Association of Variable Star Observers
(AAVSO).
Hien ass vum
Harlow Shapley
als "beschten Amateurastronom" bezeechent ginn.
De
Leslie C. Peltier Award
als Auszeechnung fir besonnesch astronomesch Leeschtungen, gouf no him genannt. Nom Peltier ass den Asteroid
(3850) Peltier
benannt.
Komeiten
entdeckt: 12, wouvun der zeng sain Numm droen
C/1925 V1 (Wilk-Peltier)
|
14. November 1925
|
C/1930 D1 (Peltier-Schwassmann-Wachmann)
|
20. Februar 1930
|
C/1932 P1 (Peltier-Whipple)
|
8. August 1932
|
C/1933 D1 (Peltier)
|
16. Februar 1933
|
C/1936 K1 (Peltier)
|
15. Mee 1936
|
C/1939 B1 (Kozik-Peltier)
|
17. Januar 1939
|
C/1943 W1 (van Gent-Peltier-Daimaca)
|
27. November 1943
|
C/1945 W1 (Friend-Peltier)
|
22. November 1945
|
C/1952 M1 (Peltier)
|
20. Juni 1952
|
C/1954 M2 (Kresak-Peltier)
|
26. Juni 1954
|
Portal Astronomie