De
Leopoldo Calvo Sotelo y Bustelo
, gebuer de
14. Abrell
1926
zu
Madrid
, a gestuerwen den
3. Mee
2008
zu
Pozuelo de Alarcon
, war e
spuenesche
Politiker a Manager. Hie war Ministerpresident vu Spuenien tescht dem 25. Februar 1981 an dem 28. Oktober 1982.
Nom Doud vum
Generol Franco
1975 gouf hie Minister fir Aussenhandel an der Regering van
Carlos Arias Navarro
. 1977-1978 war hien de Porte-parole vun der Union de Centro Democratico (UCD) am spuenesche Parlament. Duerno gouf e Minister fir Relatioune mat der
Europaescher Gemeinschaft
(1978-1979) a Wirtschaftsminister a Vizepremier (1979-1980).
A seng Regierungszait als Premierminister ass de Baitrett vu Spuenien an d'
NATO
gefall. 1982 huet d'UCD staark bei de Walen u Stemme verluer, de Calvo Sotelo konnt awer sai Parlamentssetz retten. 1984 gouf e Parlamentaresche Vertrieder beim
Europarot
an 1986, nom Baitrett vu Spuenien bei der EG, Deputeierten am
Europaesche Parlament
.
2002 gouf e vum Kinnek zum
Marques de la Ria de Ribadeo
geadelt.
De Leopoldo Calvo Sotelo war bestuet mat der Pilar Ibanez an hat aacht Kanner.