D'
Letzebuerger Nationalarchiven
, offiziell
Archives nationales de Luxembourg
, ofgekierzt
ANLux
, sinn d'Nationalarchive vum
Letzebuerger Land
[1]
.
D'Nationalarchive sinn en Deel vum historesche Gediechtnes vum Land a vun der Letzebuerger Gesellschaft. Dei Archivdokumenter, dei an den ANLux versuergt ginn, sinn Zeie vun der politescher, relieiser, kultureller, sozialer a wirtschaftlecher Geschicht vum Grand-Duche. D'ANLux geheieren zu de
staatleche Kulturinstituter
an ennerstinn dem
Kulturministere
[2]
.
Si sinn an der aler Kasar vun der
Fraiwellegekompanie
um
Helleg-Geescht-Plateau
[3]
an der
Stad Letzebuerg
ennerbruecht, engem Gebai, dat als
Militarlazarett
gebaut gouf.
Am Maerz 2022 gouf mam Bau vun engem neie Gebai um
Belval
ugefaangen. Et soll 2025 faerdeg sinn.
[4]
An der Zait vum
Herzogtum Letzebuerg
gouf et keen zentraalt Archiv: D'Abteien, d'Grofen, de Provenzialrot, d'Gouverneuren hunn all hir eegen Dokumenter versuergt. Wei an der Folleg vun der
Franseischer Revolutioun
1796
d'
Bescherdepartement
gegrennt gouf, krut d'Prefektur dovun d'Aufgab, en Archiv ze halen, an d'Archiver vun den opgeleisten Abteien an ofgeschafenen Institutioune goufen dohinner transfereiert.
[5]
Bei der Grennung vum Groussherzogtum Letzebuerg, 1815, blouwen d'Archiver am Regierungspalais (dem haitege
Groussherzogleche Palais
) an am Justizpalais.
1829
huet de Gouverneur
Jean-Georges Willmar
se fir intresseiert Fuerscher zouganglech gemaach. 1840 kruten des Archiver den Numm "Regierungsarchiver" (Archives du gouvernement). 1869 ass dei ganz Regierungsverwaltung an de
Refuge Sankt Maximin
geplennert, an d'Regierungsarchive koumen do op den 2. Stack. 1884 gouf am Haff vum Hotel Sankt Maximin eng Annex fir d'Archiver gebaut, dei dann duer geplennert sinn. 1933 gouf dann den
Hotel des Terres Rouges
dei nei Plaz wou s'ennerkoumen.
[5]
D'Gesetz vum 5. Dezember 1958 iwwer d'Organisatioun vun der
Nationalbibliotheik
an de Staastarchiven huet desen hiren Numm "Staatsarchiven" (
Archives de l'Etat
) ginn a festgehalen datt s' aus zwein Deeler bestinn: engersaits aus den historeschen Archive mat alen Dokumenter iwwer d'Letzebuerger Geschicht an anerersaits aus den administrativen Archive mat den Dossiere vun deene sech d'Verwaltunge getrennt hunn. Weider huet dat Gesetz festgeluecht datt d'Direktioun vun engem Professer vum Secondairesenseignement assureiert geif.
Duerch d'Gesetz vum 27. Februar 1965 gouf dat vun 1958 emgeannert an erweidert. Dat neit Gesetz huet d'Plaze vum Direkter vun de Staatsarchiven a vum Direkter vun der Nationalbibliotheik geschaaft.
1968 sinn d'Staatsarchiven an dei freier Kasaren um Hellege-Geescht Plateau geplennert, wou se bis d'Mett vun den 2020er Jore bleiwe waerten.
D'Staatsarchiven (
Archives de l'Etat
) kruten duerch d'Gesetz vum 8. Dezember 1988 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat, dei nei Bezeechnung "Nationalarchiven" (
Archives nationales
), dei se bis haut hunn.
D'Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer Reorganisatioun vun de staatleche Kulturinstituter
[6]
defineiert d'Missioune vun den Nationalarchiven:
- si sammelen Dokumenter vun nationalem historeschen Interessi
- si konserveieren, klasseieren, inventoriseieren effentlech Archive fir se fir historesch a Verwaltungszwecker benotzen ze kennen.
- si huele Privatarchiven op
- si berode staatlech Verwaltungen, Gemengen a Privatpersounen an -organisatiounen a Saachen Archivage
De Nationalarchiv fuugt sech an e Reseau vu Kulturinstituter an, deen aus Bibliotheiken, Mediatheiken a Museee besteet an dat kulturellt, intellektuellt a soziaalt Liewen zu Letzebuerg animeiert.
0
0
|
De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.
|
Well et och an der Welt vum Archivage an de leschte Joren zu greissere Changementer koum an d'Aarbecht vun den Nationalarchive sech verannert huet, gouf 2015 en neit Archivgesetz ausgeschafft. De Projet dozou gouf den 30. Oktober 2015 vum Ministerrot adopteiert. E gesait vir, datt effentlech Ariichtungen hir Archiven den Nationalarchiven iwwerloosse mussen. Nieft Reegelen, wei Archive fachgerecht traiteiert ginn, sinn och Dispositioune virgesinn, dei d'Erhale vu privaten Archiven, dei historesch intressant sinn, viseieren.
Chamber
,
Staatsrot
,
Geriichter
a
Gemenge
verwalte weiderhi selwer hir Archiven; si kennen awer mat den Nationalarchiven zesummeschaffen
[7]
.
An den Depote vun den ANLux sinn am Ament
[8]
zirka 45 km un Archivdokumenter an zirka 30.000 Mikrofilmer. Fir d'Gestioun vun dese Fongen z'erliichteren, si se op 6 Sektiounen opgedeelt:
- Section ancienne
- Section moderne
- Section contemporaine
- Section administrative
- Section economique
- Section iconographique
All Persoun, dei eng
Carte de lecteur
huet, daerf Archivdokumenter kucken. Eng
Carte de lecteur
kann ee gratis an den ANLux kreien.
De Reglement grand-ducal vum 15 Januar 2001
[9]
reegelt d'Consultatioun vun Archivdokumenter. Am Prinzip - ofgesi vun deenen am Reglement festgeschriwwenen Ausnamen - sinn all Dokumenter 30 Joer no hirer Kreatioun frai am Liessall ze gesinn.
Den Acces zu Privatarchiven ass an engem Vertrag tescht den ANLux an dem Proprietar vun den Archive gereegelt. All privat Persoun, Gesellschaft oder Vereenegung dei Privatarchiven huet, dei meiglecherweis en nationalen historesche Waert hunn, ka sech un d'ANLux wenden. Dei Responsabel evalueieren des Dokumenter
[10]
a setzen se enner Emstann bei den nationalen historesche Patrimoine dobai.
Fir eng laangfristeg Conservatioun vun den Dokumenter ze garanteieren hunn d'ANLux d'Recht, eenzel Dokumenter oder Fonge fir eng begrenzt Zait aus der Consultatioun erauszehuelen.
Valoriseierung vum historesche Patrimoine
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
D'Nationalarchive bedeelege sech aktiv u wessenschaftlechen an historesche Fuerschungsprojete wei zum Beispill dem Projet
Terres rouges ? Histoire de la siderurgie luxembourgeoise
, dee sech mat der Entwecklung vun de
Minieren
an der
Siderurgie zu Letzebuerg
auserneesetzt.
Fir den, dacks weineg bekannte
Patrimoine
an hiren Depote mei effentlech ze maachen, organiseieren d'ANLux reegelmeisseg Ausstellungen a Konferenzen oder vereffentleche Bicher iwwer d'Geschicht vum
Grand-Duche
. Visite guideeen ermeiglechen et, fir Originaldokumenter vu wichtegen historeschen Ereegnesser vu ganz no z'entdecken. Schoulklassen an aner Gruppe mat Kanner oder Jugendleche kennen u pedagogeschen Atelieren deelhuelen.
Wei fir d'Beruffer alleguer, dei sech mat Informatiouns- a Wessensmanagement beschaftegen, hat dei technologesch an informatesch Revolutioun och staark Auswierkungen op d'Archivaarbecht. Dei traditionell Konzepter a punkto Sammelen, Erhalen, Verschaffen an Auswaerte vun Archiven hu missen iwwerduecht ginn. Grouss Efforte ginn am Moment gemaach, fir effentlech a privat Archive gratis
online
ze setzen an iwwer dese Wee meiglechst ville Leit zouganglech ze maachen. Aus deem Grond hunn d'Nationalarchiven eng online
Sichmaschinn
dei et ermeiglecht Dokumenter eremzefannen an numeriseiert Texter, Biller, Toundokumenter mat den entspriechende
Metadaten
unzekucken. D'Digitalisatioun vun Archivdokumenten ass eng vun den ANLux hire Prioriteiten.
Well an de leschte Joren emmer mei Archivdokumenter entstane sinn an des Entwecklung och an de kommende Jore waert unhalen, brauchen d'Nationalarchive mei Personal an en neit Gebai fir desen aktuellen a zukunftegen Erausfuerderungen no ze kommen. 2012 haten d'ANLux hir Depoten am Siege um
Hellege-Geescht-Plateau
, am Autosparking vum Hellege-Geescht-Plateau an enner dem Gebai vun der
Post
op der
Gare
. Well dese groussen Depot enner der Post vun 2014 u huet misse geraumt ginn, kruten d'ANLux Raimlechkeeten zu Bartreng/Bourmicht.
Zanter
2003
besti Plang, fir um
Belval
en neit Gebai fir d'Archiven ze bauen. Am Juni
2005
huet d'Regierung matgedeelt, d'Plang geifen, aus finanzielle Grenn, emgeannert ginn. Am August 2008 sot d'Staatssekretarin fir Kultur
Octavie Modert
, als Antwert op eng parlamentaresch Ufro, et wier elo virgesinn de Projet an e puer Etappen ze realiseieren: An enger eischter Phas sollt e Gebai vu 25.000 m² gebaut sinn, wouvun der 20.000 fir d'Stockeiere vun Dokumenter wieren. Wann d'Lagerraim voll wieren (der Staatssekretarin no geingen dei 20.000 m² fir 15 Joer duer), keinte mei speit zweemol 5.000 m² Lagerraim baigebaut ginn. Am Maerz 2009 hatt sollen deen neie Projet virgestallt ginn. 2012 housch et, datt am Joer 2014 d'Diskussiounen iwwer en neit Gebai erem sollen opgeholl ginn. Dono gouf et nees jorelaang roueg em en Neibau.
Am Maerz 2020 goufen da konkreet Plang vun engem Neibau op Belval virgestallt: E kennt nieft d'
Gebai fir effentlech Verwaltunge
stoen, a soll 105 Regal-Kilometer Plaz fir Dokumenter bidden. Dofir ass eng Flach vun 12.250 Quadratmeter virgesinn, op siwe Stack. Virum Dokumente-Silo ass eng mei kleng Struktur vun am Ganzen 1.300 Quadratmeter, dei virun allem fir den Accueil vum Publikum virgesinn ass, dorenner e Liessall fir knapps 50 Leit, an e Multimediasall. Den 23. Juli 2020 huet d'Chamber d'Gesetz fir de Bau gestemmt.
[11]
D'Plang vum neie Gebai, dat 77 Milliounen Euro kaschte soll, si vum
Paul Bretz
.
[12]
Den 3. Maerz 2022 hunn de Bauteminister
Francois Bausch
an d'Kulturministesch
Sam Tanson
de
Grondstee
geluecht; d'Bauaarbechte solle bis 2025 daueren.
[13]
- Spang, Paul
:
Quand les archives racontent l'histoire des archives
, Letzebuerg, 1979,
Kulturministere
.
- Tomassini, Joseph
:
Archives nationales Luxembourg / vues par Joseph Tomassini
; Texter:
Josee Kirps
,
Rene Kockelkorn
, Luxembourg: Archives nationales, 2010, Letzebuerg, Impr. Centrale,
ISBN 978-2-919773-03-9
- josee hansen: "De nouvelles Archives, enfin." in:
d'Letzebuerger Land
Nr.11, 13. Maerz 2020, S.7.
- ↑
Ob "Archiv" (Eenzuel) oder "Archiven" (Meizuel) hankt vum sproochleche Virbild of: Op Franseisch sinn et "Archives nationales", op Daitsch en "Nationalarchiv"
- ↑
Loi du 16 decembre 2022 portant modification de la loi modifiee du 25 juin 2004 portant reorganisation des instituts culturels de l'Etat
. data.legilux.public.lu (16.12.2022). Gekuckt de(n) 20.12.2022.
- ↑
Acces
- ↑
"Eischte Spuedestech fir neit Nationalarchiv ass gemaach."
De Journal, rtl.lu, 22.03.2022.
- ↑
5,0
5,1
Panneaue laanscht de Schantche vum Neibau fir d'Archiver, um Belval (keen Auteur uginn). Gelies: 2022-12-20.
- ↑
Loi du 25 juin 2004 portant reorganisation des instituts culturels de l'Etat
. data.legilux.public.lu (25.06.2004). Gekuckt de(n) 20.12.2022.
- ↑
"Maggy Nagel a presente le projet de loi sur l'archivage."
Communique op gouvernement.lu, 04.11.2015 (15:00).
- ↑
Den 12.06.2014 cf. Websait vun den Archiven
- ↑
De Reglement grand-ducal vum 15 Januar 2001
Archiveiert
de(n) 2011-08-17. Gekuckt de(n) 2012-08-08.
- ↑
[1]
- ↑
"La construction du nouveau batiment des ANLux a Esch-Belval a ete adoptee."
Communique vum Mobiliteits- a Bauteministere, 24.07.2020.
- ↑
Diana Hoffmann.
"Nationalarchiv wird in Belval gebaut."
wort.lu, 12.03.2020.
- ↑
Raymond Schmit:
"Grundstein fur neues Staatsarchiv in Belval gelegt.*
6. Maerz 2022.