De
Letzebuerger Filmprais
gouf eng
eischt Keier
den 10. Oktober
2003
an der
Rotonde
zu
Bouneweg
verginn, am Kader vun enger Woch vum Letzebuerger Film, warend dar iwwer 40 national Filmproduktioune gewise goufen.
[1]
D'Praiszeremonie gouf vum Zauberkenschtler an Illusionist
David Goldrake
presenteiert.
[2]
Dei eischt Editioun vum Letzebuerger Filmprais an d'Woch vum Letzebuerger Film goufe zesumme vu staatlechen Institutiounen (
Filmfong
,
CNA
a Media Desk Luxembourg) an de Berufsverbann am Filmsecteur (Union luxembourgeoise de la production audiovisuelle, Association des realisateurs et scenaristes an Association des techniciens et acteurs du cinema) organiseiert.
[3]
Jurysmembere waren d'
Josiane Peiffer
(Presidentin), de Michel Cieutat, den Tom Hensgen, de Claude Neu, den
Theo Peporte
, de Romain Roll, an de de Marc Scheffen. D'Jury huet d'Gewenner an de Kategorien "Beschte Film", "Beschte Kuerzfilm", "Bescht Koproduktioun", "Bescht kenschtleresch Kontributioun" a "Bescht technesch Kontributioun" entscheet. Zwei Filmer goufen als beschte Film ausgezeechent: de Filmdrama
J'ai toujours voulu etre une sainte
a
L'homme au cigare
, dem
Andy Bausch
sai Portrait iwwert de Grenner vun der
Stater Cinematheik
, de
Fred Junck
. Den
Thierry van Werveke
gouf fir seng schauspilleresch Leeschtung am Publikumserfolleg
Le Club des Chomeurs
ausgezeechent.
D'Jury huet d'Gewenner aus am Ganze 15 Kuerzfilmer, 11 Spillfilmer, 14 Koproduktiounen a 56 Kenschtler an Techniker erausgesicht.
De Gewenner an der Kategorie "Beschten europaesche Film", deen un dem Spuenier
Pedro Almodovar
sain
Hable con ella vum
gaangen ass, gouf vun de Letzebuerger Kinoskritiker ausgewielt.
D'Organisateure vum Filmprais haten entscheet, den Eiereprais un de Journalist an Dokumentarfilmmecher
Gordian Troeller
ze ginn, deen am Maerz virdru gestuerwe war, an den Nowuessprais un de Regisseur
Daniel Wiroth
.
- ↑
gouvernement.lu:
Presentation de la semaine du film luxembourgeois, Letzebuerger Filmprais et Cinedays 2003
(25. September 2003)
- ↑
filmfund.lu:
Letzebuerger Filmprais 2003
(gekuckt den 23. November 2021)
- ↑
paperjam.lu:
Premiere edition du "Letzebuerger Filmprais"
(5. September 2003)