An der Serie
Letzebuerger Bibliotheik
(fr.:
Nouvelle bibliotheque du Luxembourg
) gett den
nationale Literaturzentrum
Wierker vu bekannte letzebuergesch Auteuren aus dem 19. an dem 20. Joerhonnert eraus mat dem Zil, datt des Texter fir de Lieser um Bichermaart ze fanne sinn.
Titelen aus der Serie Letzebuerger Bibliotheik
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
- Michel Rodange
–
D'Leierchen
D'Leierchen ass ee vun de scheinste poeteschen Texter vum Michel Rodange (1827-1876) a feiert eis an d'Welt vum Letzebuerger Bauer an der Zait em 1860-1870. Kommenteiert an analyseiert vum
Alain Atten
. 207 S.
- Felix Thyes
–
Marc Bruno, Profil d'artiste
De Felix Thyes (1830-1855) ass jonk gestuerwen, ma watfir e literarescht Talent hie war, beweist dese Roman, deen de
Frank Wilhelm
op eng exemplaresch Maneier a senger Zait duerstellt. 317 S.
- Nik Welter
–
Lene Frank
D'Theatersteck vum Nik Welter (1871-1951) feiert zereck un den Ufank vum Joerhonnert a beschreift d'Problemer vun enger jonker emanzipeierter Fra an der Letzebuerger Gesellschaft vun deemools. De Kommentaire vum
Germaine Goetzinger
mecht daitlech, datt de Welter e modernen, engageierte Schreftsteller war, deen derwaert ass, net vergiess ze ginn. 194 S.
- Dicks
–
Mumm Seis - Mutter Suse
D'
Mumm Seis
ass mat Secherheet dat populaerst vum Dicks, alias Edmond de la Fontaine (1823-1891), senge ville Stecker. Datt et heivun och eng daitschsproocheg Versioun gett, ass vu besonneschem Interessi. Den Alain Atten stellt den Auteur a sai Wierk an den historesche Kontext a gett en Iwwerbleck iwwer de Geescht vun der Zait, grad wei vum Theater, dee sech dei Zait bei eis entweckelt huet. 200 S.
- Paul Palgen
–
Choix de poemes
De Paul Palgen (1883-1966) ass ee vun eise beschten Amateuren a franseischer Sprooch. Dat beweist de
Nic Klecker
, deen eis de Palgen als ee vun de rare Letzebuerger Lyriker virstellt, dei "bleiwen". 221 S.
- Nikolaus Hein
–
Der Verrater
De
Verrater
ass dem Nik Hein (1889-1969) sai Meeschtersteck. De
Jos Groben
presenteiert eis en op en Neits a profiteiert vun der Geleeenheet, fir och ze beweisen, datt dest Wierk och haut nach aktuell ass. D'Geschicht vum Matthaus Conter, dee seng Heemecht net verrode wollt a konnt, ier dei Heemecht en eegestannege Staat war, ass och duerch dei reusseiert Verfilmung "
De falschen Hond
" bekannt. 332 S.
- Isi Comes
–
7 Erzielongen
De 7. Band ass dem Iechternacher Professer Isi Comes (1875-1960) vun Eine gewidmet. Fir d'eischt gi seng Prosastecker virgestallt, dorenner sou bekannt Erzielunge wei Den neie Postmeeschter a Lex talionis, eng tragesch Geschicht aus dem 18. Joerhonnert zu Iechternach. 335 S.
- Alexander Weicker
–
Fetzen / Aus der abenteuerlichen Chronika eines Uberflussigen
Dem Alexander Weickers (1893-1983) sai Roman Fetzen, virgestallt a kommenteiert vum
Gast Mannes
. 477 S.
- Batty Weber
–
Fenn Kass
Band 9 der "Letzebuerger Bibliotheik" enthalt die Neuausgabe von Batty Webers (1860-1940) Werk Fenn Kaß. Dem Batty Webers (1860-1940) sai Roman iwwer en Erleiste gett virgestallt a kommenteiert vum
Josiane Weber
. 474 S.
- Joseph Funck
–
Kleines Schicksal
Kleines Schicksal erzielt eng Geschicht aus der Welt vun de Lompekreimer an de Virstied vun der Stad Letzebuerg an deenen hir konfliktraich Begeignunge mat der guttbiergerlecher Gesellschaft vun der Uewerstad. Kommenteiert vum
Pierre Marson
. 271 S.
- Pol Michels
–
Choix de textes 1917-1922
De Pol Michels staamt aus enger guttbiergerlecher Famill, ma hie gett schonn als Primaner e bekennenden Unhanger vu lenkser Politik. Virgestallt a kommenteiert vum Gast Mannes. 304 S.
- Antoine Meyer
–
E Schreck op de Letzebuerger Parnassus
/
Jong vum Schreck op de Letzebuerger Parnassus
Mat sengen zwei Gedichtbann, dei 1829 respektiv 1832 erauskomm sinn, an dei an desem Band souwuel an engem reprografeschen Nodrock wei och an der haiteger Schreifweis reproduzeiert sinn, huet den Antoine Meyer (1801-1857) Neiland betrueden. Et sinn dei zwee eischt Bicher, dei a letzebuergescher Sprooch gedreckt gi sinn. Mat sengen zeng ganz ennerschiddleche Gedichter wollt hie weisen, datt d'Letzebuergescht net sou aarm an ongehuwwelt ass, wei vill vu senge Landsleit behaapt hunn. Kommenteiert vum
Roger Muller
. 244 S.
- Frantz Clement
–
Zickzack
Dat Liesbuch Zickzack ass eng Auswiel vun Essaien, Opsatz, Glossen, dei de Feuilletonist Frantz Clement (1882-1942) 1938 am
Tony Jungblut
sengem Verlag 'Luxemburger Nachrichtenburo' erausginn huet. Kommenteiert vum
Robert Thill
. 336 S.
- Jean-Pierre Erpelding
–
Anna / Ein Roman
Am Abrell 1918 ass am Verlag vum Paul Schroell zu Dikrech de Roman Anna vum Jean-Pierre Erpelding erauskomm, deen d'Auswierkunge vum
Eischte Weltkrich
op den Alldag zu Letzebuerg beschreift. Virgestallt a kommenteiert vum
Mario Fioretti
.
- Nicolas Gonner
(Hrsg.) –
Prairieblummen / eng sammlonk fu lidder a gedichter an onserer letzeburgerdeitscher sproch
1883 publizeiert den Zeitungsredakteur Nicolas Gonner (1835-1892) zu Dubuque am US-amerikanesche Staat Iowa e Band mat 62 Gedichter op Letzebuergesch. Virgestallt a kommenteiert vun der
Sandra Schmit
. 292 S.
- Marie-Louise Tidick-Ulveling
–
Im Zeichen der Flamme
1961 publizeiert d'Marie-Louise Tidick-Ulveling hiren eischte Roman deen am freie 17. Joerhonnert spillt, um Heichpunkt vun den Hexeverfollegungen. Virgestallt a kommenteiert vun der Sandra Schmit. 292 S.
ISBN 978-2-919903-18-4