한국   대만   중국   일본 
Letzebuerger Armei ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Letzebuerger Armei

Vu Wikipedia
Logo vun der Letzebuerger Armei
En Detachement vun der Letzebuerger Armei virum Palais , bei enger Zeremonie vun der Ofleisung vun der Garde.

D' Letzebuerger Armei ass zanter dem 30. Juni 1967 [1] eng reng Fraiwellegenarmei, dei aus ronn 1200 Zaldoten, Kapereel, Enneroffizeier, Offizeier an Ziviliste besteet. Eng Loftwaff gett et sait 2021 [2] , eng Marinn existeiert net.

D'Kasar Grand-Duc Jean (2013)

D'Zaldote sinn zanter 1967 exklusiv um Dikrecher Harebierg an der Kasar Grand-Duc Jean , dei et awer schonn zanter 1955 gett, stationeiert.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt dofir den Artikel: Geschicht vun der Letzebuerger Armei .

Rekrutement a Karriaren [ anneren | Quelltext anneren ]

Fir an d'Letzebuerger Armei als fraiwellegen Zaldot antrieden ze kenne muss een:

  • d'Letzebuerger Nationaliteit hunn, oder dei vun engem aneren EU-Memberstaat an zanter op d'mannst drai Joer zu Letzebuerg wunnen;
  • tescht 18 a 26 Joer al sinn;
  • keng Krankheeten oder Handicappen hunn, dei mam Militardengscht net kompatibel sinn; an
  • dei neideg intellektuell, moralesch a physesch Qualiteite mat sech brengen.

Graden [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Fraiwelleg Zaldoten: Premier Soldat-Chef, Soldat-Chef, Soldat de Premiere classe, Soldat
  • Kapereel: 1 er Caporal-Chef, Caporal-Chef, Caporal de 1 re classe, Caporal
  • Enneroffizeier: Adjudant-Major, Adjudant-Chef, Adjudant, Sergent-Chef, 1 er Sergent, Sergent
  • Offizeier: General, Colonel, Lieutenant-Colonel, Major, Capitaine, Lieutenant en 1 er , Lieutenant

Am Geigesaz zu deene meeschten aneren Armeien, huet d'Letzebuerger Armei emmer just ee Generol OF-6, de Chef d'Etat-major de l'Armee. [3] [4]

D'maximal Kadergreisst lait bei 110 Offizeier, 260 Enner-Offizeier an 100 Kapereel [5] .

Organisatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Letzebuerger Armei wei mer se haut kenne geet op d'Gesetz vum 29. Juni 1967 zereck, dat den obligatoresche Militardengscht ofgeschaaft an dei nei Organisatioun vun der Armei gereegelt huet.

Organigramm vun der Letzebuerger Armei

kuckt och den Artikel: Kommandante vun der Letzebuerger Armei

Verhalenscode [ anneren | Quelltext anneren ]

  1. Ech denge fraiwelleg dem Letzebuerger Land.
  2. Ech erfelle meng Missioun mat Entschlossenheet, Verantwortung an Initiativ a kucken dono ereischt no mir.
  3. Wann noutwenneg setzen ech enner Asaz vum eegene Liewe meng Waffe kontrolleiert an.
  4. Ech respekteieren d'Digniteit vun all Mensch an hale mech un internationaalt an humanitaert Recht, d'Gesetzer a Reglementer.
  5. Am Respekt vun den Traditiounen trieden ech an Eieren op a weise Courage och enner schweieren Emstann.
  6. Ech beweise Professionalismus, Disponibiliteit a Flexibiliteit a schaffe permanent u mir.
  7. Ech si riicht an eierlech, hu Respekt an Disziplin a gi mam gudde Beispill vir. [6] [7]

Missiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

D'gesetzlech Funktioun vun der Letzebuerger Armei steet ganz am Kader vun der Force publique .

National [ anneren | Quelltext anneren ]

  1. Bedeelegen un der Verdeedegung vum Territoire vum Groussherzogtum am Fall vun engem armeierte Konflikt
  2. Bedeelegen un der Protektioun vu liewenswichtege Punkten a Raim vum nationalen Territoire
  3. Ennerstetze vun aneren effentlechen Administratiounen a vun der Populatioun am Intressi vun der grousser Allgemengheet an am Fall vu Katastrophen
  4. Ubidde vun enger Virbereedung op Beruffer am effentlechen oder private Secteur fir fraiwelleg Zaldoten

International [ anneren | Quelltext anneren ]

  1. Baidroen un der kollektiver oder gemeinsamer Verdeedegung, am Kader vun den internationalen Organisatiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass
  2. Am selwechte Kader: Bedeelegen un Humanitar- an Evakuatiounsmissiounen, Friddensmissiounen, souwei Force de Combat Missioune fir d'Bewaltege vu Krisen, inklusiv Operatioune fir Fridden ze schafen
  3. Bedeelegen un der Verifikatioun an der Kontroll vun der Ausfeierung vun den internationale Missiounen an deenen de Groussherzogtum Member ass [8] [9] .

Ausreschtung [ anneren | Quelltext anneren ]

Uniform [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt dofir den Artikel: Uniforme vun der Letzebuerger Armei .

Waffen [ anneren | Quelltext anneren ]

Gefierer [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Land [ anneren | Quelltext anneren ]

2 Dingoe bei der Parad fir Nationalfeierdag 2019…
an 2 Hummeren 2016

Bis 2025 sollen all d'Hummer an Dingoen ersat ginn. Dest duerch 80 nei CLRV (Commandement, de liaison et de reconnaissance ) Gefierer vum selwechten Typ. Si sollen tescht 15-20 Joer am Asaz sinn. [11]

An der Loft [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Letzebuerger Defense huet den 13. Juni 2001 mat de Belschen Homologen, am Kader vun NATO Verflichtungen, eng Konventioun ennerschriwwen, fir zesummen een Airbus A400M Militar Transportfliger ze kafen [12] . 2005 gouf en entspriechend Gesetz ugeholl [13] .

No 7 Joer Retard weinst technesche Problemer, huet den 13. Abrell 2020 den A400M zu Sevilla sain eischten Testfluch gemaach. Zanter August flitt e mat de Letzebuerger Faarwen. Mat der Seriennummer "MSN104" an ennert der militarescher Immatrikulatiounsnummer CT-01 , ass de Letzebuerger Transportfliger den 8. Oktober 2020 owes um Findel ageweit ginn [14] [15] .

Den CT-01 gett um belsche Stetzpunkt zu Melsbroek zesumme vun der Letzebuerger a Belscher Armei bedriwwen [16] , [17] Letzebuerg stellt bis zu 6 Piloten an 6 Loadmaster zur Verfugung. [18] .

Asatz [ anneren | Quelltext anneren ]

A senger eischter Missioun am Mee 2021, huet den A400M 13 Zaldote vun der Letzebuerger Armei an de Mali bruecht. [19]

Am Hibleck vun der Evakuatioun vu Menschen aus der Afghanescher Haaptstad Kabul , ass den CT-01 , den 18. August 2021 op Islamabad an de Pakistan geflunn [20] . 93 Europaesch Matbierger konnte sou virun den Taliban fluchten [21] .

De 27. August 2021 ass den A400M de Kontingent EUTM Mali 2021-03 vum Findel an de Mali geflunn [22] .

Um Waasser [ anneren | Quelltext anneren ]

Letzebuerg huet keng Krichsmarinn.

Anert Geschier [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Jacques Leider : L'armee luxembourgeoise d'apres-guerre - Structures, fonctions, fonctionnement ; Letzebuerg (Sankt-Paulus), 1993.
  • Paul Cerf : Le Luxembourg et son armee - Le service obligatoire au Grand-Duche de Luxembourg de 1945 a 1967  ; Letzebuerg (RTL Edition), 1984; 217 Saiten (ill.). ISBN 2-87951-044-9
  • Willy Bourg , zesumme mam Andre Muller: Eis Garde - Die Geschichte der Grossherzoglichen Garde (1945-1966) im Rahmen der luxemburgischen Pflichtarmee , Letzebuerg (Sankt-Paulus), 1990.
  • Willy Bourg, zesumme mam Andre Muller: Ons Armei - Die Luxemburger Pflichtarmee 1944 bis 1967 , Band I, Letzebuerg (Eegeverlag), 1997.

International Organisatiounen [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Letzebuerger Armei ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Cf. Loi du 29 juin 1967 portant abolition du service militaire obligatoire...
  2. Loi du 2 juin 2021 portant modification . legilux (03 Juni 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  3. Grades . armee.lu Archiveiert de(n) 15 November 2021. Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  4. Arrete ministeriel du 6 octobre 2000 . legilux.lu (06 Oktober 2000). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  5. legilux , Loi du 24 mars 2021 portant modification de la loi modifiee du 23 juillet 1952 concernant l'organisation militaire. (24 Marz 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  6. Ministere des Affaires etrangeres et europeennes, Direction de la Defense , Engagement, droiture et fiabilite : Presentation de la premiere Charte des valeurs de l'Armee luxembourgeoise . armee.lu (15 Oktober 2020) Archiveiert de(n) 17 November 2021. Gekuckt de(n) 17 November 2021.
  7. Letzebuerger Armei , Code de Conduite Militaire vun der Letzebuerger Armei (24 November 2020). Gekuckt de(n) 17 November 2021.
  8. Letzebuerger Armei , Organisation de l'Armee Archiveiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  9. Loi du 2 juin 2021; Memorial A416 (02 Juni 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  10. Pierre Brassart , Le Luxembourg receptionne 20 VW Amarok . defencebelgium.com (03 August 2021). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  11. Tatiana Salvan , Des nouveaux vehicules pour l'armee luxembourgeoise (03 Juni 2021). Gekuckt de(n) 15 November 2021.
  12. gouvernement.lu , Charles Goerens signe une convention en matiere de cooperation militaire generale (12 Juni 2001). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  13. legilux , Loi du 21 mars 2005 autorisant l'acquisition d'un avion de transport militaire A400M. (05 Abrell 2005). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  14. Direction de la Defense et l'Etat-Major de l'Armee , Ceremonie d'accueil de l'avion de transport A400M a l'aeroport du Findel . armee.lu (08 Oktober 2021) Archiveiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  15. Eric Hamus , Erste Luxemburger Militarmaschine auf Findel (08 Oktober 2020). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  16. Premier vol de l'A400M luxembourgeois a Seville (paperjam.lu, on-line de 14. Abrell 2020)
  17. Le Luxembourg a pris possession de son Airbus A400M (wort.lu, on-line den 13. August 2020) . Gekuckt de(n) 04.09.2020.
  18. Marc Hoscheid , Militarflugzeug A400M in Luxemburg gelandet . wort.lu (07 Oktober 2020). Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  19. Neie Militarfliger brengt Letzebuerger Zaldoten an de Mali . RTL (15 Mai 2021). Gekuckt de(n) 13 November 2021.
  20. Direction de la defense , L'avion militaire A400M de l'Armee luxembourgeoise a decolle pour participer a l'operation d'evacuation depuis l'Afghanistan . armee.lu (18 August 2021) Archiveiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  21. Direction de la defense / ministere des Affaires etrangeres et europeennes / Direction de la cooperation au developpement et de l'action humanitaire , Un des ayants-droit luxembourgeois a reussi a entrer a l'aeroport de Kaboul . armee.lu (23 August 2021) Archiveiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 11 November 2021.
  22. Etat-Major de l'Armee , Depart du contingent EUTM Mali 2021-03 avec l'avion militaire A400M luxembourgeois . armee.lu (27 August 2021) Archiveiert de(n) 13 November 2021. Gekuckt de(n) 13 November 2021.