De
Leon Charles Nicolas Moulin
, gebuer de
4. Dezember
1897
an der
Stad Letzebuerg
(an der
Draikinneksgaass
)
[1]
, an do gestuerwen den
28. November
1974
[2]
, war e
letzebuergeschen
Theater
schauspiller
, Auteur a
Radios
-Speaker.
Hie war vu Beruff Coiffer an der
Neipuertsgaass
.
Seng eischt Theaterroll hat hie mat 13 Joer, am Maerz
1910
, am
Batty Weber
senger
Revue
Peffer a Salz
.
Nom
Eischte Weltkrich
war hie Member vun den Theaterensembelen
Montmartroise
,
La Mansarde
,
Les Deux Masques
a
L'Avant-Scene
. Mat desem leschten Ensembel, deen nemme franseisch Stecker opgefeiert huet, ass de Leon Moulin och am Ausland opgetrueden.
Duerch seng besonnesch Frendschaft mam Batty Weber war hie bei all Uropfeierung vu senge Wierker, ausser dem
Aarme Pierrot
, op der Bun. Et gouf behaapt
[Source?]
, de Batty Weber hatt him an dem
August Donnen
munnech Rollen op de Laif geschriwwen.
Hien huet a ville Revuen,
Operetten
, haaptsachlech dei vum
Emile Boeres
, matgespillt a Regie gefouert. Donieft war hien e gefrote Lieser vun Texter a Gedichter. Den
1. August
1933
gouf hie fest bei
Radio-Letzebuerg
agestallt, wou hie bis zu senger Pensioun, den
1. Januar
1964
blouf. Hei war hie bekannt fir seng Emissiounen an enger defteger
Letzebuerger Sprooch
a seng eemoleg Stemm an Aussprooch. Warend der Zait vum
Zweete Weltkrich
huet hie sain Numm als Speaker op "Leo Molling" missen anneren.
De Leon Moulin ass um
Nikloskierfecht
begruewen, wou och den August Donnen an de Batty Weber hir Griewer hunn.
Fir un de Leon Moulin z'erenneren, gouf eng Strooss an an der Stad (
Zens
) no him genannt (
Rue Leo Moulin
).
- De Fuuss. Eng onmenschlech-menschlech Geschicht vun den zaamen a wellen De'eren
, 1968
- Conter, Claude D.
, 2007.
Moulin Leon
. In: Luxemburger Autorenlexikon. Erausgi vum Germaine Goetzinger & Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat aneren. S. 433-434. Centre national de litterature. Imprimerie Graphic Press.
- ↑
Etat civil ? Luxembourg, Registres d'etat civil, 1796-1941
,
Leon Charles Nicolas Moulin
. www.familysearch.org (04.12.1897). Gekuckt de(n) 05.06.2022.
- ↑
Doudesannonce
am Luxemburger Wort vum 30. November 1974
- ↑
Pour leurs merites dans le domaine culturel
op der Sait 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022