De
Kosmodrom Xichang
ass eng
chineesesch
Weltraumgare
.
D'Rakeitestartplaz gouf
1984
faerdeg a lait ongefeier 64 Kilometer nordwestlech vum Stadzentrum vun
Xichang
. Se gett haaptsachlech agesat, fir
Noriichtesatellitten
an den
Orbit
ze schecken.
Vun
1984
un, goufen en ettlech Exemplare vun der Rakeit
Laange Marsch 3
erfollegraich an de Weltraum gescheckt. Am Joer
1996
gouf et an der Weltraumgare e schweiert Accident, wei eng Rakeit mat dem Satellit
Intelsat 708
ofgestierzt ass.
Vun
1975
bis
1982
gouf d'Startramp Nr. 3 opgeriicht. Et war dei eischt Startramp am Xichang Satellite Launch Center (XSLC). Den
8. Abrell
1984
gouf vun der Ramp Nr.3 eng Rakeit vum Typ CZ-3 mat dem eischte chineesesche geostationare Satellit, dem DFH-2, gestart. Bis
2004
si ronn 15 Drorakeite gestart ginn. Duerno ass dei al Ramp ofgerappt ginn a bis
2007
nei opgebaut ginn.
De
14. Abrell
2007
ass dann dei eischt Weltraummissioun vun der neier Ramp Nr.3, eng CZ-3A mat dem Navigatiounssatellit Compass M1 gestart ginn.
[1]
Am Kader mat der Entwecklung vun der kommerzieller Drorakeit CZ-2E gouf zu Xichang e weidere Startkomplex, Ramp Nr.2,
1989
/1990 opgeriicht. Am Geigesaz zu der Ramp Nr.3 huet d'Ramp Nr.2 e beweeglechen an en onbeweegleche Reparaturtuerm.
Vun der Ramp Nr.2 gett virun allem dei leeschtungsstaark chineesesch Rakeit fir geostationar Satellitten, d'CZ-3B, agesat.
[2]
An der technescher Zon, 3 Kilometer sudlech vun de beide Rampen Nr.2 an Nr.3, gi Rakeitestufen a Satellitte virbereet.
De Montage vun der Rakeit gett direkt op der Ramp gemaach.
[1]
Fir bemannt Asatz gouf ufanks d'Ramp Nr.1 geplangt, awer ni gebaut. Op enger Distanz vun 2 Kilometer vun der geplangter Ramp Nr.1 gouf d'Ramp Nr. 2 opgeriicht.
[3]
Weider chineesesch Weltraumgare sinn:
Portal Astronomie
- ↑
1,0
1,1
Go Taikonauts, Issue 3, January 2012, page 37
- ↑
Go Taikonauts, issue 3, January 2012, page 37
- ↑
Go Taikonauts, Issue 3 , January 2012, page 37