|
Dese
Geographiesartikel
iwwer
Frankraich
ass ereischt eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
Korsika - Corse
|
|
|
|
Korsika
ass eng Insel am
Mettelmier
dei zanter dem
18. Joerhonnert
zu Frankraich geheiert. Et ass och eng administrativ Regioun vu Frankraich mat engem Extrastatut.
Geographesch, demographesch a politesch Donneeen
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Korsika lait ronn 200 km sudwestlech vun der
franseischer
Cote d'Azur
, westlech vun der italieenescher
Toskana
an nerdlech vun der
italieenescher
Insel
Sardinien
, vun dar
Korsika
duerch d'
Strooss vu Bonifacio
getrennt ass. Korsika huet eng Flach vun 8 680 km² an huet 250.000 Awunner (2004). Et ass denn besidelt, ronn 30 Awunner/km². Korsika huet eng accidenteiert Uewerflach mat vill Hiwwelen a Bierger. Eng Parti Bierger si mei wei 2000 m heich:
Eng grouss Parti vun der Insel ass mat Bescher bewuess. Well de Klima am Summer warem an drechen ass, si Beschbrann net seelen. Vill Energie a Mettel gi gebraucht fir se ze bekampfen.
Politesche Statut an administrativ Ennerandeelung
[
anneren
|
Quelltext anneren
]
Korsika huet haut ee privilegeierte Statut, deen a Frankraich eegenaarteg ass. Freier war et eng Regioun vu Frankraich. Nom vum Gesetz vum
13. Mee
1991
ass Korsika eng
Territorial Collectiviteit
d'
Collectiviteit territoriale de Corse
: CTC. Den neie Statut gett Korsika mei Onofhangegkeet a Pouvoire, wei enger Regioun. Drai Organer sinn an deem Contexte geschaf ginn:
- en Executiv-Conseil,
- eng Korsesch Assemblee an
- e Wirtschafts- an Sozialrot
Korsika besteet elo, administrativ gesinn, aus zwee Departementer:
D'
Korsesch
Sprooch ass d'Sprooch vun de Korsen. Wa freier jiddwereen op Korsika korsesch geschwat huet, da sinn et nach haut ronn 60% vun der Populatioun, dei d'
Korsesch
Sprooch beherrschen. Si ass eng Meschung vu
Franseisch
,
Latain
an
Italieenesch
. Dei ganz Korsesch Kultur, Gesank, Musek, Sprechwierder ass op des ausserst originell Sprooch opgebaut. Op si staipe sech dei staark Autonomiebestriewungen, dei vun der Urbevelkerung ausginn, an dei vu vill korseschen Associatiounen ennerstetzt ginn.
Zwar spillt d'Franseischt d'Roll vun der Schreftsprooch op Korsika. Ma et ass net ze verkennen, datt grouss Efforte gemaach ginn, fir d'
Korsescht
mei staark ze struktureieren a fir aus hir mei wei nemmen eng reng
Mondaart
ze maachen.
Ajaccio
ass d'Haaptstad vu
Korsika
.
Aner greisser korsesche Stied:
Aner Stied an Uertschaften:
Regioune vu Frankraich
|
---|
no 2015
| |
---|
virun 2015
| |
---|