Kongress vun de Vereenegte Staaten

Vu Wikipedia
De Capitol ass de Setz vum amerikanesche Kongress

De Kongress vun de Vereenegte Staaten ( eng. : United States Congress ) ass dat legislatiivt Organ vun den USA . E bestemmt d'Gesetzer um Niveau vun der Federatioun. En ass zu Washington D.C. a besteet aus zwou Chamberen : dem Representantenhaus an dem Senat . [1]

Den eischte Kongress war vu 1789 bis 1791. [1]

Organisatioun [ anneren | Quelltext anneren ]

De Barack Obama halt 2009 eng Ried virum Kongress

Am Senat huet all Bundesstaat zwei Vertrieder, egal wei vill Awunner en huet. Domat gett assureiert, datt all Bundesstaat dei selwecht Representatioun huet. D'Senateure ginn an hirem Staat fir eng Mandatsdauer vu sechs Joer gewielt, an dei Mandater si gestaffelt, sou datt all zwee Joer ongefeier een Drettel vum Senat an de jeeweilege Staaten nei gewielt gett. Fir dei 50 Bundesstaate gett et am Ganzen 100 Senateuren.

Am Representantenhaus dogeint hunn dei Staate mat mei Awunner och mei Vertrieder. D'Deputeiert ginn all zwee Joer gewielt a representeieren jee een Distrikt. Dei Distrikter sinn de Staaten an der Bevelkerungszuel no agedeelt, ma all Bundesstaat huet op d'mannst een Deputeierten am Kongress. All zeng Joer gett eng Vollekszielung gemaach an d'Zuel vun den Deputeiertemandater de jeeweilege Bundesstaaten nei zougewisen. Am Ganze gett et am Representantenhaus 435 Deputeiert.

Souwuel d'Senateure wei och d'Deputeiert ginn direkt vum Vollek gewielt. Am Representantenhaus setzen zousatzlech nach sechs Leit, dei kee Stemmrecht hu ma Gesetzer kennen afeieren an a Comitee kennen Deel huelen. Dei sechs Leit representeiere Washington D.C., Puerto Rico , Amerikanesch-Samoa , Guam , d' Nerdlech Marianen an d' Amerikanesch Joffereninselen . D'grouss Majoriteit vun de Membere sinn entweeder Member bei den Demokraten oder de Republikaner , nemme e puer Membere vertrieden Drettparteien oder sinn onofhangeg.

D'Wale fir de Kongress sinn all Denschdeg nom eischte Meindeg am November vun engem geruede Joer. All veier Joer si parallel Presidentschaftswalen. Walen ouni Presidentschaftswal gi "Midterm elections" genannt. A ville Bundesstaate ginn dann donieft och nach d'Gouverneuren an dei jeeweileg Bundesstaatsparlamenter gewielt. Den neie Kongress helt seng Aarbecht emmer den 3. Januar no der Wal op.

De President vun den USA huet net d'Recht, u Setzunge vum Kongress Deel ze huelen. Dofir halt hien eemol am Joer virum versammelte Kongress eng Ried zur Lag vun der Natioun ("State of the Union").

Funktioun [ anneren | Quelltext anneren ]

D'amerikanesch Verfassung gett eleng dem Kongress d'Muecht, Gesetzer ze stemmen. Allenzwou Chambere kenne Gesetzesvirschlei maachen, doriwwer debatteieren an doriwwer ofstemmen, ma e Gesetzesvirschlag gett nemmen zum Gesetz wann dei zwou Chamberen sech eens sinn an et vum President ennerschriwwe gouf. [1]

Et gett zwou Aarte vu Gesetzesvirschlei ("bills"): dei effentlech Gesetzesvirschlei ("public bills") an dei privat Gesetzesvirschlei ("private bills"): [1]

  • E Public Bill behandelt generell Thematiken a gett e Gesetz ("law" oder "act") [2] soubal et vum Kongress ugeholl a vum President ennerschriwwen ass. E Beispill ass den "Affordable Care Act" (och nach "Obamacare" genannt), deen 2010 enner dem President Barack Obama den Zougank zur Krankeversecherung gereegelt huet.
  • E Private Bill behandelt individuell Theemen, dei sech op eenzel Persounen oder Organisatioune bezeien, esou zum Beispill fir bestemmte Persounen d'amerikanesch Nationaliteit ze ginn oder fir Entreprisen ze hellefen, dei Problemer mat de Steieren hunn. [3]

Aner Funktioune vum Kongress sinn enner anerem d'Bestategung vum President sengen Ernennungen a vun internationale Vertrag, dei vun der Regierung verhandelt goufen, awer och d'Erklare vu Krich . [4] , [5]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: United States Congress ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 thebalance.com: U.S. Congress' Powerful Impact on the Economy (27. Januar 2017)
  2. Ennerscheed tescht "Law" an "Act"
  3. Ennerscheed tescht "Public bills" a "Private bills"
  4. visitthecapitol.gov: What Congress Does (gekuckt den 20. Abrell 2017)
  5. Congress of the United States op Encyclopædia Britannica (11. Oktober 2005)