Kompromess vu Letzebuerg
gouf en Ofkommes genannt, dat den
29. Januar
1966
Divergenzen an der Agrarpolitik vun der
EWG
an domat d'franseisch "
Politik vum eidele Stull
" op en Enn bruecht huet.
Letzebuerg
hat deemools d'
Conseilspresidence
.
Den
1. Juli
1965
goufen d'Verhandlungen iwwer den Agrarfonds duerch Frankraich ennerbrach. E puer Meint laang huet Frankraich keng Ministere mei an d'Reunioune vum
Conseil vun der Europaescher Gemeinschaft
gescheckt, sou datt dee keng Decisioune mei konnt huelen.
De sougenannte Letzebuerger Kompromess huet virgesinn, datt de Conseil a Fall, bei deenen e grondsatzlech mat qualifizeierter Majoriteit entscheede keint, viruverhandele misst, wa "ganz wichteg Intressie" vun engem Memberstaat betraff wieren. Am Text gouf d'ennerschiddlech Opfaassung vu Frankraich op der enger Sait, deenen anere 5 Lanner op der anerer, och daitlech: Frankraich hatt gar gehat, datt a sou engem Fall sou laang viruverhandelt sollt ginn, bis en unanimt Resultat virleie geif; dei aner Staaten hu festgestallt, datt et keng Eenegung doriwwer geif, wat gescheie sollt, falls keng Unanimiteit zustan keim. Dofir war de Letzebuerger Kompromess am Fong guer kee Kompromess, ma en Text, deen d'Meenungsverschiddenheeten iwwer d'Applikatioun vu Vott mat qualifizeierter Majoriteit schreftlech dokumenteiert huet.
Duerch dest Iwwereneekommes ass awer eng Zort Gewunnechtsrecht entstanen, nodeem d'Memberstaate bei wichtege Fall soulaang viruverhandelen, bis datt se e Konsens erreechen. Och wann et deemno net juristesch verbindlech ass, gett dat an der Praxis agehalen, och an deene Fall, wou eng qualifizeiert Majoriteit duergoe geif.
Jean-Marie Palayret, Helen Wallace, Pascaline Winand (Hrsg.):
Visions, Votes and Vetoes. The Empty Chair Crisis and the Luxembourg Compromise Forty Years On.
Peter Lang, Bruxelles/Bern/Berlin, 2006,
ISBN 978-90-5201-031-1
.