Kommunistesch Partei Letzebuerg

Vu Wikipedia
Kommunistesch Partei Letzebuerg
Ofkierzung KPL
President Ali Ruckert
Vizepresident Gilbert Simonelli
Tresoriere Georgette Schweich
Gegrennt 2. Januar 1921
Parteizentral 3, rue Zenon Bernard
L-4030 Esch-Uelzecht
Jugendorganisatioun dei jonk Kommunisten
Ideologien Kommunismus
Marxismus?Leninismus
Politesch Positioun Lenksextremismus
International Affiliatiounen Internationaalt Treffe vu Kommunisteschen a Aarbechterparteien
Internationale kommunistesche Seminaire
Faarf Rout
Chamber
0/60 Setz
Websait
http://kommunisten.lu

D' Kommunistesch Partei Letzebuerg ( KPL ) ass eng Letzebuerger politesch Partei .

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Kommunistesch Partei Letzebuerg ass den 2. Januar 1921 zu Nidderkuer , duerch eng Ofspleckung vun der Sozialistescher Partei , gegrennt ginn.

An der Teschekrichszait hat s'et net einfach: den Zenon Bernard , hiren eischten Deputeierten, deen 1934 an d' Chamber gewielt gouf, krut sai Mandat entzunn, an e Versuch vun der konservativer Bech-Regierung , d'KPL duerch e Gesetz verbidden ze loossen, gouf 1937 duerch den Ausgang vum Referendum zum Uerdnungsgesetz (besser bekannt als Maulkuerfgesetz ) knapps verhennert. [1]

Am Zweete Weltkrich war d'KPL vum Nazi-Okkupant verbueden, an hir Memberen hu missen ennerdauchen. Vill vun hinnen hu sech, nom Nazi-Iwwerfall a Russland am Juni 1941 , an der Resistenz organiseiert. [2] Nom Krich ass hir dat ugerechent ginn, a si gouf e feste Bestanddeel vun der Letzebuerger Parteielandschaft. Trotz der Polariseierung am Kale Krich hat si am Aarbechtermilieu trei Unhanger. 1968 hat d'KPL sechs Deputeierten an der Chamber, an a Sudgemenge wei zu Esch war si am Schafferot an huet heiansdo och de Buergermeeschter gestallt.

Nom Zesummebroch vum Kommunismus an Osteuropa an an der Sowjetunioun , em 1990 , ass et och mat der KPL rapid biergof gaangen. Dozou hunn och Spleckunge baigedroen: en Deel vun hire Memberen, wei den Andre Hoffmann , dei eng mei kritesch Analys vum Stalinismus haten, hunn 1993 d' Nei Lenk gegrennt. Souwuel d'KPL wei Nei Lenk hu sech 1994 un de Chamberwale bedeelegt (ma d'Nei Lenk just am Bezierk Suden): d'Nei Lenk krut kee Setz an d'KPL huet hire leschte Setz verluer a war fir d'eischt Keier an der Nokrichszait net mei an der der Chamber.

1999 gouf Dei Lenk gegrennt, un dar sech och d'KPL bedeelegt huet. Zesummen hunn dei zwou Formatiounen nach vun 1999 - 2004 een Deputeierte "gedeelt"; 2004 konnte se sech net mei op e Walbundnis eenegen, a weeder Dei Lenk nach d'KPL ware fir d'Legislaturperiod 2004-2009 duerch en Deputeierte vertrueden. Och 2009, 2013, 2018 an 2023 gouf kee KPL-Deputeierten an d'Chamber gewielt.

No de Gemengewalen 2017 war d'KPL an de Gemengereit vun zwou Stied vertrueden: Zu Deifferdeng an zu Remeleng . An der leschtgenannter war se, a Koalitioun mat der LSAP , am Schafferot .

Bei de Wale vun 2023 gouf en Ali Ruckert zu Deifferdeng net mei eremgewielt. Zu Remeleng krut d'KPL zwar nach ee Setz; well awer d'LSAP d'absolut Majoriteit am Gemengerot kritt huet, ass d'KPL mat hirem eenzege Setz nees just am Gemengerot vertrueden.

Den 2. Januar 2021 gouf zum 100jarege Bestoe vun der Partei zu Nidderkuer an der Hiel, genee virun deem Cafe, an deem d'KPL den 2. Januar 1921 gegrennt gouf, e Monument ageweit. Op der Plack steet geschriwwen:

1921 - 2021 Den 2. Januar 1921 ass zu Nidderkuer an der Rue de Longwy op Nummer 25 d'Kommunistesch Partei vu Letzebuerg (KPL) gegrennt gin [ sic ]

Et goufen och rout Oeillete neiergeluecht. [3]

Literatur zum Theema [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Laboulle, Luc: "Zum letzten Gefecht." in: d'Letzebuerger Land 70. Jg. Nr.26, 30.06.2023, S.6.
  • Kovacs, Stephanie : Communisme et anticommunisme au Luxembourg 1917-1932 , Letzebuerg, Rapidpress, 2002, 457 Saiten
  • Kovacs, Stephanie: L'extreme gauche au pouvoir. Strategie et politique du Parti Communiste Luxembourgeois de la fin de la Seconde Guerre Mondiale au debut de la guerre froide (1945-1947). Luxembourg 2010.
  • Ruckert, Ali : Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil I: 1921-1946 , Letzebuerg, KPL, 2006, 176 Saiten
  • Ruckert, Ali: Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil II: 1947-1954 , Letzebuerg, KPL, 2007, 176 Saiten
  • Ruckert, Ali: Geschichte der Kommunistischen Partei Luxemburgs, Teil III: 1955-1960 , Letzebuerg, KPL, 2010, 176 Saiten
  • Ruckert, Ali: 100 Joer KPL: Die Geschichte einer revolutionaren Partei. Teil 1: 1921-1970 , Letzebuerg, KPL, 2021.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Kommunistesch Partei Letzebuerg ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Dei Lenk: "Das Maulkorbgesetz: Daten und Fakten"
  2. Histoprim: "Die organisierte Resistenz in Luxemburg"
  3. Jeannot Ries, 100 Joer KPL, Eng Geschicht mat Heichten an Deiften , gelies op RTL.lu de 4. Januar 2021