Kierchbierg

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat mam Stater Quartier . Fir de Remelenger Flouernumm, kuckt wgl. Kierchbierg (Remeleng) .
Kierchbierg
Vue op de Kierchbierg
Aussprooch
An anere Sproochen fr : Kirchberg
de : Kirchberg
Land Letzebuerg
Kanton Letzebuerg
Gemeng Letzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 8.746
  31.12.2022
Flach 336,82 ha
Heicht 368,3 m
Koordinaten 49° 37’ 39’’ N
      06° 08’ 44’’ O
ronderem d'Uni Letzebuerg

De Kierchbierg ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Letzebuerg a lait am Nordoste vun der Haaptstad . En ass mam Rescht vun der Stad haaptsachlech duerch d' Rout Breck verbonnen.

Geographie [ anneren | Quelltext anneren ]

De Kierchbierg ass 336,82 Hektar grouss a lait op enger Heicht tescht 267,7 an 368,3 m. E grenzt am Norden u Weimeschkierch an dann, am Senn vun der Auer, un d' Gemeng Nidderaanwen an d'Quartiere Neiduerf/Weimeschhaff , Clausen , Pafendall an Eech .

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Mam Gemengerecht vun 1796 gouf de Kierchbierg en Deel vun der Gemeng Eech .

Den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920) huet d'Gemeng Eech, zu dar och de Kierchbierg geheiert huet, mat der Stad Letzebuerg fusioneiert [1] .

Den ale Kierchbierg [ anneren | Quelltext anneren ]

Vum Kierchbierg ass ni vill geschwat ginn, e louch e besse vun allem aneren ewech. Et war eng Uertschaft, wou bal kee sech hi veriert huet, wou Bauere gelieft hunn, dei haaptsachlech Gromperen a Kabes ugebaut hunn.

Wei d' Neiduerf nach keng eege Par war an zur Par Weimeschkierch geheiert huet, sinn d'Awunner vum Neiduerf aus iwwer de Bierg op Weimeschkierch an d'Kierch gaangen a sou krut de Bierg sain Numm.

D' Kierch um Kierchbierg ass 1875 gebaut ginn.

Bis an d' 1960er Jore gouf et just dei al Uertschaft dei op dem nerdleche Virspronk vum Plateau, tescht dem Maertesgronn an dem Sichegronn .

Um westleche Plateau vum alen Duerf, um Flouer Schettermarjal , gouf an de Joren 1969 - 1972 den eischten Urbaniseierungsplang entworf an duerno vum Grupp Willy Hein gebaut. 1980 ass d' Joseph-Bech-Breck opgaangen, dei zanterhier den ale mam neie Kierchbierg op engem mei kuerze Wee verbennt.

Am Juli 2016 , no der Virstellung vum neie Bebauungsplang ( PAG ) vun der Stad Letzebuerg, gouf et eng Poleemik, well deem Plang no en zousatzlecht Lotissement op Schettermarjal virgesinn ass. No engem Recours huet d'Verwaltungsgeriicht de PAG vun der Stad annuleiert, en Urteel dat am Mee 2021 vun der Cour administrative confirmeiert gouf.

Den neie Kierchbierg [ anneren | Quelltext anneren ]

De Plateau vum Kierchbierg huet ereischt an den 1960er Joren ugefaange sech richteg z'entweckelen. Um sudestleche Virspronk tescht dem Sichegronn oder dem haitege Boulevard Konrad Adenauer an der Rue des Muguets um Weimeschhaff ware just Wisen a Stecker. No engem Gesetz vun 1961 , duerch dat de Fonds d'urbanisation et d'amenagement du plateau de Kirchberg gegrennt gouf [2] , huet de Letzebuerger Staat 350 ha um Plateau requisitioneiert; d'Baueren an d'Gaertner kruten 330.000 Letzebuerger Frang pro Hektar. Zil war et, d'Gebaier vun den europaeschen Institutioune vu Letzebuerg do opzeriichten. Sou sinn no an no d'Gebaier vum Europaesche Geriichtshaff , der Cour des comptes , dem Generalsekretariat vum Europaparlament , der Europaescher Investitiounsbank , der Europaschoul , asw. gebaut ginn.

Et gouf alt kritiseiert, de Staat hatt ze vill exproprieiert, an och daitlech enner dem Waert; de Meiwaert, deen de Fonds beim Weiderverkaf vun den Terraine gemaach huet, gouf e. a. fir de Bau vun der Rouder Breck gebraucht.

1975 huet d' SNHBM hiren eischte Wunnengsbauprojet um Kierchbierg virgestallt. Op 25 ha goufen am ≪  Domaine du Kiem  ≫ um nordestleche Wupp vum Quartier an enger eischter Phas fennef Residence mat jo 12 Stack a 14 Haiser mat 4-6 Stack gebaut. Derbai koumen och 169 Eefamilljenhaiser grad ewei eng Schoul, Spillplazen a Sportinfrastrukturen [3] . Bis haut gouf de Wunnquartier emmer nees vergreissert [4] .

Enn vun den 1980er Joren huet de Kierchbierg sech och fir aner Aktiviteiten opgemaach an et ass do neie Wunnraum, eng nei Geschaftswelt (Assurancen, Banken, de Setz vun der RTL Group ) an nei Fraizaitariichtungen (d'Olympesch Piscine an der Coque , de Kino Utopolis (haut: Kinepolis ), d' Philharmonie , de Musee d'Art Moderne Grand-Duc Jean , asw.) entstanen.

Glaichzaiteg gouf d' Autobunn A1 zu engem Stadboulevard, der Avenue John F. Kennedy , zereckgebaut. Des Aarbechten hu vum Enn vun den 1990er Jore bis em 2013 gedauert, wei an der leschter Phas tescht der Neier Breck an der Place de l'Europe den Dall vun der Champangshiel mat 140.000 Kubikmeeter Gestengs, dat beim Bau vum Tunnel Grouft uegefall war, opgefellt gouf, fir e Kraizungsuschloss mam Boulevard Konrad-Adenauer ze schafen. 2016-17 goufen d'Gleiser vum Tram geluecht, deen an der ganzer Langt iwwer d'Avenue Kennedy fiert. [5]

Vun 1994 u gouf en Arboretum ageriicht, den Arboretum Kierchbierg , dee sech op drai nei ugeluecht Parken um Kierchbierg opdeelt: Parc central , Park Reimerwee , Park Klosegrennchen .

Um Kierchbierg hunn 2005 20.500 Leit geschafft, a knapps 2.000 hunn der do gewunnt.

Zukunfteg Entwecklung [ anneren | Quelltext anneren ]

De Fonds de Kirchberg realiseiert an den nachste Joren nach weider Urbaniseierungsplang, absenns um Kuebebierg , op Laangfur , grad wei d'Projete Grengewald West an JFK Sud . Ausserdeem soll an de Quartiere Kuebebierg a Laangfuer eng weider Linn vum Tram fueren.

Awunner [ anneren | Quelltext anneren ]

Op den 31.12.2022 hunn um Kierchbierg 8.746 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Letzebuerger louch bei 26,15 % geintiwwer 73,85 % Auslanner [6] .

Kierchbierger no Nationaliteit (31.12.2022)
Rang Nationaliteit Awunner Prozent
TOTAL 8 746 100,00
1 Letzebuerg 2 287 26,15
2 Frankraich 913 10,44
3 Portugal 557 6,37
4 Spuenien 526 6,01
5 Italien 514 5,88
6 Belsch 483 5,52
7 Daitschland 319 3,65
8 Rumanien 308 3,52
9 Polen 207 2,37
10 Griicheland 195 2,23
Top 10 6 309 72,14
Aner Nationaliteiten 2 437 27,86

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Fotoen [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Fernand Theato , 2006, Den (ale) Kierchbierg an: Kraiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Letzebuerg , Chorale Sang & Klang. S. 66-68
  • Fernand Theato, 2006, Kabesfelder a Gromperestecker? De Kierchbierger Plateau an: Kraiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Letzebuerg , Chorale Sang & Klang. S. 69-73
  • Fernand Theato, 2006, Den Nuebel vun Europa ass de Neie Kierchbierg an: Kraiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Letzebuerg , Chorale Sang & Klang. S. 74-77

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Kierchbierg ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Loi du 30 juin 1920 concernant la reunion de la commune d'Eich a la ville de Luxembourg op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
  2. Loi du 7 aout 1961 relative a la creation d'un fonds d'urbanisation et d'amenagement du plateau de Kirchberg. - Legilux . legilux.public.lu . Gekuckt de(n) 2021-05-29.
  3. j.m.m. , Kirchberger Luftschlosser Domaine du Kiem: ehrgeiziges Siedlungsprojekt statt sozialem Wohnungsbau? . viewer.eluxemburgensia.lu (24.01.1975). Gekuckt de(n) 29.05.2021.
  4. Kirchberg - Domaine du Kiem . SNHBM . Gekuckt de(n) 2021-05-29.
  5. Josee Hansen: "Redessiner la topographie: D’ici 2013, le Fonds Kirchberg remblaie l’entree au plateau et prepare definitivement l’axe central a l’arrivee du tram. L’aspect du quartier se densifie et devient de plus en plus urbain." land.lu, 19.08.2010.
  6. Etat de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg op vdl.lu, der Websait vun der Stad Letzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)