D'
Kierch Saint-Etienne vu Waha
ass Parkierch vun der
Belscher
Uertschaft
Waha
an der Gemeng
Marche-en-Famenne
. Se ass am romanesche Stil an eng Opschreft gett d'Joer
1050
als Konsekratiounsjoer un.
D'Chouerfensteren aus den
1950er
Jore si vum
Louis-Marie Londot
an dei aner goufe vum
Jean-Michel Folon
entworf. Dei sechs grouss Fensteren erzielen d'Liewe vum
hellegen Etienne
, dei zeng mei kleng um Niveau driwwer stelle Vullen an engem bloen Himmel duer. Se goufen an den
Ateliers Loire
zu
Leves
bei
Chartres
fabrizeiert.
Se steet zanter
1941
op der Lescht vum
Patrimoine classe
.
An der Kierch ass eng stenge Plack dei un den
Eiwegen Edikt
erennert, dee
1611
zu
Marche
ennerschriwwe gouf.