|
Desen Artikel beschaftegt sech mat der Uertschaft Keel. Fir d'Keel am Spill, kuckt wgl.
Keelespill
.
|
Keeler Kierch
|
Dei renatureiert Keeler Baach am ale Laf beim
Vitalhome
|
Sigel vum Simon von Kayl 1297
|
Plaz vun der Waasserbuerg
|
Gemeng Keel um
Widdem
|
Keel
(lokal:
Kal
[1]
) ass eng Uertschaft zu
Letzebuerg
am
Kanton Esch
an Haaptuert vun der
Gemeng Keel
.
Keel lait am Sude vum Groussherzogtum Letzebuerg an engem Dall, dem Keeldall, dat sech no
Norde
breet mecht an an den
Uelzechtdall
iwwergeet. De Keeldall ass op zwou Saite mat Koppen a klenge ≪ Bierger ≫ flankeiert.
Op der
estlecher
Sait vu Suden no Norde gekuckt fanne mer hei de
Perchesbierg
, den
Hesselsbierg
, den
Herenterbierg
, d'
Haard
, den
Duelebierg
, de
Kalebierg
, de
Gaalgebierg
an als leschten an der Rei de
Gehaansbierg
. Op der
westlecher
Sait steet de
Millebierg
, den
Tewesbierg
, de
Bromeschbierg
, nach e
Gaalgebierg bei Aedelen
, de
Brucherbierg
an d'
Weimeschkeppchen
. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen.
Op an an deene Koppen ass
Eisenaerz
ausgegruewe ginn, vu
Kelten
,
Reimer
bis an d'lescht Joerhonnert an hunn dem Land sai Raichtum bruecht.
Am Allgemengen ass et schwiereg den Urspronk an d'Bedeitung vun engem Uertsnumm nozeweisen. Fir ?Kayl“ (Kal) si sech awer d'Historiker eens, datt et keltesch, wann net souguer virkeltesch Originnen huet. Als Grond gett d'Eesilbegkeet vum Numm ugefouert (Ell, Ahn, Kayl asw.).
Wann en den Uertsnumm deite well, dann ass et onmeiglech fir op dei eelst Formen zereckzegraifen, souwei se duerch Dokumenter an an anere schreftlechen Iwwerliwwerungen erhale sinn. Vun
1235
bis zum Ufank vum
18. Joerhonnert
gett e ronn 200-mol ernimmt.
Keel gett fir d'eischt am Joer 1235 ernimmt, an deem Joer wou den Alexander vun Zolver dem Deifferdenger Fraesteft seng Gidder zu ?Keyle“, dei hien dem Doumhar vu St. Paulin (Treier) ofkaaft hat, vermecht. Den Numm Kal verschwennt net mei an der Geschicht a verschaaft sech munchmol e gudde Klang. Hien ass zanter dem
13. Joerhonnert
net wesentlech verannert ginn, obwuel iwwer 20 verschidde Versioune bekannt sinn:
Keyle (1235), Keile (1247), Quelle (1278), Keil (1287), Kele (1293), Keele (1294), Kaill (1297), Kayle (1318), Kaelles (1323), Keyla (1331), Keille (1362), Kelle (1364), Keylle (1427), Kyle (1446), Keyl (1451), Kaylle (1485), Keylen (1505), Keil (1515), Keyll (1589), Kayll (1632), Kail (1739), Kayl (1737), Kehl (1737), Keehl (1759), 1485 erschengt fir d'eischt den ?a“ am ?Eilaut“, da falt mat der Zait den ?e“ um Enn ewech an daucht nemmen nach sporadesch op. Meeschtens ass en ?Ei“-laut am Numm enthalen an net en ?E“-laut. Ganz rar fennt een: Quelle, Kele, Keele, Kelle, Kehl a Keehl oder d'Form Kyle. Des Feststellung huet verschidden Nummfuerscher op eng falsch Bunn gefouert.
D'Uertschaft ?Kayl“ ass net dei eenzeg mat sou engem Numm. Et gett e
Kail
(Cheledin 1121, Kayl 1638) bei Pommern op der Musel, een
Ober-
an
Niederkail
bei
Manderscheid
an der
Aifel
an e
Kailbach
um
Chiemsee
. Zwei weider Kailbach an Hessen, Keilhof an Ostpreußen, Keilbusch bei Meißen,
Nongkal
am Loutrengen,
Hermeskeil
am
Honsreck
asw. Dei grouss Zuel vu selwechten oder bal selwechten Nimm: Kehl, Kehlen, Kelheim, Kelberg, Kellberg, Celle, Kehlbach, Kell, Kehlerwald, Kehlismoos, Kailen, Kailing, Kaylen, Kal, Kalbach, Kalborn, Calloo, Kill (Kyele 1499), Kyll, souwei Gail, Geil, Gehl, Geilhausen, Gailborn asw. sinn iwwer ganz Europa verbreet a leisst de Verdacht opkommen, datt een allgemengt Grondwuert an deemno eent an dat selwecht Vollek als Urspronk fir dei Nimm a Fro keim.
Zugrond lait ee virkeltescht d. h. indogermanescht Wuert, wat ?entsprengt“, ?ervirquellen“ bedeit an an engem Senn glaichbedeitend mat ?fleissendem Waasser“ ass. Et gouf speider nom Splecke vun der indogermanescher Sprooch, dat keltescht ?gel“, dat germanescht kel, kal, keil, kil, dat nordescht ?keleda“. Et mierkt een, datt dei Uertschafte mat sou engem Grondwuert bei engem Waasserlaf oder direkt bei enger Quell leien.
De Familljennumm Kayl ass iwweregens och wait verbreet. Et fennt een en an allen Nopeschlanner.
Keel war bis zu der
Neizait
Haerschaftsgebitt.
Am
13. Joerhonnert
fanne mer zwou Haerschaften, dei zu Keel zoustanneg waren: d'Buerghare vu Keel an dei vum
Zolwerknapp
. D'Keeler Awunner ware
Leifeegener
, d. h. si ware mat Haus an Haff, Fra a Kand un den Har gebonnen.
Am 13. Joerhonnert war zu Keel een Herrschergeschlecht, dat net vill mat den Duerfbewunner ze dinn hat. Nemme weineg Vasalen hunn him gedengt. Hiert
Schlass
war eng Waasserbuerg mat engem deiwe Gruef. D'Buerg stoung do, wou haut de Gaertnereibetrib zu Keel ass. D'Haregeschlecht ass geint 1400 ausgestuerwen, gouf awer nach vun aneren Herrschaften iwwerholl. D'Schlass ass nom 16. Jh. verfall.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Waasserbuerg Keel
.
Dei bekannt Ennerlagen iwwer dei Keeler Hare stelle si am scheinste Liicht duer. Si heesche Ritter, gi Seneschall, d. h. Gouverneur vun der Grofschaft Letzebuerg, Riichter vum Adel, gi betraut mat Vertrauensmissiounen, verkeieren um Keeserhaff a si Bierg fir de Grof vu Letzebuerg, Arbitter a munche Streidereien, Zeie bei villen Akten asw.
Wei den
Heinrich VI.
1282 an den
Heinrich VII.
1290 de
Fraiheetsbreif
vun der Stad Letzebuerg beschwuer hunn, waren d'Hare vu Keel dobai an hunn den Zeieneed ofgeluecht "
auf die hl. Reliquien und den Sakramentsaltar
". Wouhier dei Famill staamt war den Historiker net direkt kloer: De
Paul Medinger
huet gemengt si keime vu
Beetebuerg
, well en duecht, dei zwei Wope geife sech glaichen. Den
Rene Klein
huet dat widderluecht a gesait den Urspronk am Haus Zolwer.
Den Egide
von Keille
gett bei engem Schenkungsakt vum 22. Maerz 1272 als Zeien ernimmt. De Simon I. von Kayl ass dee beschtbekannten. Hie gouf am Joer 1287 Gouverneur vu Letzebuerg. Sain Numm figureiert a villen Dokumenter. Fir d'lescht gett hien 1298 genannt.
De Simon II. von Kayl huet mam
Karel I.
e Feldzuch an Italie gemaach, wou hien den 31. Maerz 1331 un enger Vergeftung gestuerwen ass.
De Simon III. von Kayl a seng Fra Marguerite hunn dem
Balduin, Aerzbeschof vun Treier,
hir Lehnsgidder iwwerdroen.
Den Thielmann von Kayl war de leschte vun de Ritter vu Keel. No him ass d'Buerg wuel just nach verwalt ginn an am
16. Joerhonnert
zesummegefall. Hir Steng waren eng belleg Wuer fir d'Keeler Leit beim Bau vun hiren Haiser. Un d'Buerg erennert haut nemmen nach Bezeechnung vun der Plaz "an der Buerg"
[2]
.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Haus Keel
.
1673 huet de Jean d'Arnoult, Har zu Schengen, d'Herrschaft Zolwer (zu dar den Haff Keel mat den Dierfer Teiteng a Remeleng geheiert huet) an d'Hallschent vun Deifferdeng kaaft. No sengem Doud huet seng Wittfra nach d'Herrschaft
Meesebuerg
derbaikaaft (zu dar den Haff
Leideleng
mat den Dierfer
Marel
,
Fenneng
,
Hunchereng
,
Naerzeng
,
Wickreng
,
Biergem
an engem Deel vun
Hesper
geheiert huet). Dee Besetz ass tescht hiren zwei Jongen opgedeelt ginn, de jengste war de speidere President vum Provenzialrot Christophe d'Arnoult an dee krut net nemmen d'Herrschaft Meesebuerg ma och den Haff Keel gouf fir hien aus der Herrschaft vun
Zolwer
ausgeklamert. Fir d'Verwaltung vu sengem Besetz ze vereinfachen huet e beim
Karel VI.
, dem neien Herzog vu Letzebuerg aus dem Haus Habsburg, ugefrot fir den Haff Keel mam Haff Leideleng (deen aus der Herrschaft Meesebuerg erausgeleist gouf) an enger Heichgeriichtsbarkeet ze vereenegen, an dat ass em och 1719 accordeiert ginn. Dei nei Herrschaft krut den Numm Remeleng fir datt se net mat der Herrschaft Kail an der letzebuergescher Aifel ze verwiessele war, hiren Haaptsetz ass awer zu Keel bliwwen. 1726 gouf als baussenzegt Zeeche vun der neier Heichgeriichtsbarkeet e Gaalge westlech vun der Keeler Klaus erriichte gelooss, op dar Plaz dei och nach haut Gaalgebierg heescht (net ze verwiessele mam Gaalgebierg sudlech vum Gehaansbierg, deen zu Diddeleng geheiert). De Christophe d'Arnoult hat eng eenzeg Duechter, dei en eischt Bestietnes mam Grof de Custine vu
Woltz
hat, an den eelste Jong doraus huet d'Herrschafte Woltz, Meesebuerg a Remeleng geierft.
[3]
Dese leschten Har vu Keel-Remeleng huet sech missen op Bamberg ofsetze wei 1794 dat revolutionart Frankraich d'Herzogtum Letzebuerg besat huet an et d'Joer drop greisstendeels zum
Departement Forets
gemaach huet. Doduerch hunn och all d'Gaalgen an aner Zeeche vun de Feudalgeriichter missen ofgedroe ginn.
[4]
1815 war er dunn eriwwer mam napoleonesche
Premier Empire
a Keel koum mat derbai an dat nei geschafe Groussherzogtum Letzebuerg. Dat huet awer net vill um Liewe vun den einfache Leit geannert, Keel war laang Zait e klengt Bauerenduerf, weinst senger Lag matzen an enger no Norden emmer mei wait oppener Wisen- an Akerflach och Setz vun der Gemeng mat dem selwechten Numm, zu dar ausser Keel selwer och nach
Teiteng
,
Remeleng
an
Uewerteiteng
geheiert hunn. Biergop ass et ereischt mat der Entdeckung vun der
Minett
gaangen. Aus allen Deeler vum Land, besonnesch aus dem
Eislek
, ma och aus
Daitschland
,
Polen
an
Italien
, sinn Aarbechter an de Sude komm fir bei der Exploitatioun vum neie Raichtum vum Land ze hellefen.
Remeleng
huet Keel
1868
a Punkto Awunnerzuel iwwerholl. Duerch e Gesetz vum
27. Juni
1891
ass aus de Sektioune Remeleng an Uewerteiteng d'Gemeng Remeleng gegrennt ginn.
Bis an d'
1960er
Jore stoung zu Keel an der
Rue du Faubourg
, ongefeier do wou haut d'Sportshal ass, e
Gaswierk
mat zwei
Gasometeren
.
Dei follgend Awunnerzuele bezeie sech just op d'Uertschaft Keel, ouni Teiteng.
- Chanoine Jos Dupong:
Kayl in der Geschichte
, Sankt-Paulus-Dreckerei Letzebuerg, Eischt Oplo: 1963, Zweet Oplo:1997
- Jules Kauffmann:
Kayl fruher und heute
, Dreckerei: editpress Letzebuerg, Oplo 1988
- Jules Kauffmann:
Das Denkmal am "Sperrewee"
, Dreckerei: editpress Letzebuerg, Oplo 1990
- Jules Kauffmann:
Mit der Bannmuhle durch die Jahrhunderte
, Dreckerei polyprint s.a., Oplo 1993
- Les Cyclistes Kayl:
Centenaire du Velo-Club "L.C.Kayl"
, Dreckerei polyprint s.a., Oplo 1996
- Jules Kauffmann:
Kayl um Giinzebechel
, Dreckerei polyprint s.a., Oplo 2000
- Marcel Bouschet / Gilbert Maurer:
70 Joer Kaler Basket
, Dreckerei St Paul Letzebuerg, Oplo 2002
- Commune de Kayl:
Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Kayl
, Imprimerie Heintz, Petange,Sept. 2011
-
Gemengenhaus vu Keel
-
Monumenter um "Widdem"
-
Kierch a Schoulkantin
-
Kierchestrooss
-
Nationaalt Monument fir d'Biergaarbechter
-
Trap fir bei d'Biergaarbechtersmonument
-
Grott "Leiffraechen"
-
Leiffrachen
-
Panorama Keel
-
Panorama 2
-
Freijoer, de Park am "Ouerbett"
-
Post
-
Groussgaass 1
-
Groussgaass 2
-
Sportshal "Sicosport"
-
Hierschtstemmung, Keel am Niwwel
-
Keeler Baach, am Hannergrond d'Vitalhome
-
Gebai vun der Police
-
Plaz "Coullen Fred"
-
Verainshaus um "Widdem"
- ↑
Lescht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Letzebuerg
. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise
Archiveiert
de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
- ↑
Weider Detailer iwwer de Mettelalter fennt een an der zweeter Oplo vum Buch "Kayl in der Geschichte" vum Chamoine Jos Dupong † (Paschtouer vu Keel)
- ↑
Nic. Charpantier,
Al-Remeleng
, S. 33-70 in Rumelange "Roches Rouges", Imprimerie Bourg-Bourger, 1957
- ↑
Fernand Lorang,
Kayltaler Memorabilien
, 1985, S. 31-33