De
Karl Ludwig Hencke
gebuer den
8. Abrell
1793
zu
Driesen
(haut; Drezdenko a
Polen
), ass gestuerwen den
21. September
1866
zu
Marienwerder
. Hie war en daitschen
Amateurastronom
an Entdecker vun den Asteroiden
Astraea
an
Hebe
.
Am Joer
1813
ass den Hencke als Fraiwellegen an de
Krich
geint den
Napoleon Bonaparte
gezunn a gouf schonn an der Schluecht bei
Großgorschen
schweier verwonnt. Speider war hien op verschiddene Plazen a
Preisen
als Postsekretar tateg, fir d'lescht zu
Friedeberg
an der
Neumark
. Zanter dem Joer
1837
war hien an der Pensioun a konnt sech komplett mat sengem Hobby, der
Astronomie
beschaftegen.
Den
8. Dezember
1845
entdeckt hien de fenneften
Asteroid
vum
Sonnesystem
, den
Astraea
. Bemierkenswert ass, datt zanter der Entdeckung vum veierten Asteroiden
Vesta
am Joer
1807
bal veierzeg Joer vergaange waren. An am Joer
1847
entdeckt den Hencke och nach de sechsten Asteroid, deen hien
Hebe
genannt huet. Des zwou Entdeckunge waren den Ulaf fir weider Observatiounen, an et goufen emmer mei Klengplaneiten entdeckt.
Den Hencke huet eng vun de Berliner akadeemesche
Starekaarten
iwwerschafft.
De Karl Ludwig Hencke ass op enger Rees den 21. September 1866 bei Marienwerder gestuerwen.
Portal Astronomie