한국   대만   중국   일본 
Josy Schlang ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Josy Schlang

Vu Wikipedia
Josy Schlang
De Josy Schlang, fotografeiert am Nationale Resistenzmusee, de 6. November 2013.
Gebuer 5. Juni 1924
Rodange
Gestuerwen 24. November 2013
Aktiviteit Coiffer, Gefaangenen


De Joseph (" Josy ") Schlang , gebuer de 5. Juni 1924 zu Rodange , a gestuerwen de 24. November 2013 [1] , war en Naziaffer am Zweete Weltkrich an ee vun de Weinegen, dei d' Shoah iwwerlieft haten. Hie war dee leschten iwwerliewende letzebuergeschen Zaitzeie vun Auschwitz .

Dem Josy Schlang seng Elteren Tobias Schlang an Anna Grunberg waren eng jiddesch Immigrantefamill aus Polen. No senger Kandheet zu Rodange ass en zesumme mat sengen Elteren a senger Schwester Sophie op Esch-Uelzecht geplennert, wou hien eng Leier fir Coiffer gemaach huet. No der daitscher Invasioun vum 10. Mee 1940 huet sai Papp weinst senger jiddescher Relioun d'Aarbecht op der ARBED verluer.

De Josy Schlang war vum 15. September bis de 16. Oktober 1941 am Prisong am Gronn agespaart [2] . Duerno gouf e mat sengen Elteren a mat senger Schwester fir d'eischt an de Ghetto Litzmannstadt deporteiert. Seng Famill gouf wuel tescht Januar a Mee 1942 zu Chelmno vergaast, zesumme mat ronn 55.000 anere Leit, dei vu Litzmannstadt dohibruecht goufen [1] . Fir u si z'erennere goufen am Abrell 2021 drai sougenannt Stolpersteine virun hirem Haus zu Esch geluecht. [3]

De Josy Schlang ass an d' Reichsautobahnlager vun ?abikowo (haut Lubo? ) komm, wou hien e Joer laang am "Supp" Zwangsaarbecht huet misse maachen. 1943 ass en dunn an d'Aarbechtlager Monowitz vum KZ Auschwitz verluecht ginn. Hien huet och am Kommando Kanada vum Camp Auschwitz-Birkenau geschafft an dunn zu Sosnowitz. Wei Auschwitz am Januar/Februar 1945 evakueiert gouf, well d' Rout Armei emmer mei no koum, ass de Josy Schlang an d' KZ Mauthausen deporteiert ginn. Hie gouf de 5. Mee 1945 befreit an ass no sengem Calvaire als eenzegen Iwwerliewende vu senger Famill am September 1945 op Letzebuerg zereckkomm [1] .

Hien huet duerno op der Schmelz geschafft, sech bestuet an eng Famill gegrennt. Wei e pensioneiert war, huet e bis e puer Joer viru sengem Doud als Benevole am Nationale Resistenzmusee zu Esch geschafft, wou e Besuchsgruppe seng Erliefnesser erzielt huet. Seng lescht Joren huet hien zu Beetebuerg an engem Fleegeheem verbruecht [4] .

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Haag, Emil , 2011. Le sort de la population juive. Trois cas de figure: Edmond Israel, Alfred Oppenheimer et Josy Schlang , In: Une reussite originale - Le Luxembourg au fil des siecles ; Letzebuerg (Editions Guy Binsfeld), 2011; 576 Saiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5 , Ss 430-437.
  • Moyse, Laurent , 2011. Du rejet a l'integration. Histoire des Juifs du Luxembourg des origines a nos jours , Editions Saint-Paul, Letzebuerg, 288 Saiten, ISBN 978-2-87963-810-2 , Ss 194-198.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 "De Josy Schlang ass um Sonndeg gestuerwen." RTL.lu - 28.11.2013, 00:48 | Fir d'lescht aktualiseiert: 28.11.2013, 09:32.
  2. Raths, Aloyse , 1996. Livre d'or des prisons. Repertoire des prisons nazies et des detenus luxembourgois de la periode , Editions du ≪Rappel≫, Letzebuerg, S. 564
  3. "Esch und Schifflingen - Neue Stolpersteine gegen das Vergessen: Kurzbiografie der Opfer." tageblatt.lu, 24.04.2021.
  4. "Auschwitz-Uberlebender Josy Schlang verstorben." tageblatt.lu 28. November 2013 07:40; Akt: 28.11.2013 07:52.