De
Joseph Jean Pierre Laurent
, och bekannt als
A. Laurent
, war e
franseischen
Amateurastronom
.
De Laurent huet den
22. Januar
1858
den
Asteroid
(51) Nemausa
entdeckt.
[1]
Hien huet soss keen Asteroid mei entdeckt an et ass och weineg iwwer hie bekannt. Vum Astronom
Benjamin Valz
, Direkter vum
Observatoire vu Marseille
, gouf de Laurent als "eleve distingue de l'ecole marseillaise" ("ausgezeechente Student vun der Marseiller Schoul") beschriwwen,
[2]
a vu sengem Nofollger, dem
Edouard Stephan
als "jeune homme tres habile" ("qualifizeierte jonke Mann").
[3]
Als seng offiziell Aarbecht gett "controleur au bureau de garantie" genannt, sou hunn d'Astronomen hien als "Amateur" bezeechent.
[2]
.
[4]
Den Asteroid Nemausa gouf an engem Privatobservatoire zu
Nimes
entdeckt, deen zu engem Haus geheiert huet an deem virdrun de Benjamin Valz gewunnt huet. De Valz gouf Direkter vum Observatoire vu Marseille an hat sain Haus dem Laurent uvertraut. D'Haus an der Rue Nationale 32 huet haut eng Gedenkplack, dei un d'Entdeckung erennert.
[5]
Fir seng Entdeckung gouf de Laurent
1858
zesumme mat aneren Asteroiden- a Komeitenentdecker, (
Goldschmidt
,
Searle
,
Tuttle
,
Winnecke
an
Donati
) mam
Lalande-Prais
ausgezeechent.
[6]
Him zu Eiere gouf een am Joer
1876
vum
Prosper Mathieu Henry
entdeckten Asteroid
(162) Laurentia
genannt.
Portal Astronomie
- ↑
Lutz D. Schmadel
:
Dictionary of minor planet names
(5. Oplo), Springer, Berlin Heidelberg 2003,
(en)
S. 20
- ↑
2,0
2,1
Cosmos. Revue encyclopedique hebdomadaire des progres des sciences
Band 12, Februar/Maerz 1858,
(fr)
S. 197
- ↑
Edouard Stephan
:
(fr)
http://www.oamp.fr/patrimoine/stephan2.html
| wayback=20120619191720 | text=
L'Observatoire de Marseille (seconde partie: histoire depuis la Revolution)
}} in:
Encyclopedie departementale des Bouches du Rhone
Band 6, Marseille 1914
- ↑
Joseph Johann von Littrow
,
Karl Ludwig von Littrow
:
Die Wunder des Himmels, oder gemeinfassliche Darstellung des Weltsystemes
(5. Oplo), Gustav Weise, Stuttgart 1866,
S. 400
- ↑
(fr)
Extrait. Histoire de la ville de Nimes. Par Adolphe Pieyre, 1886. Decouverte de Nemausa
op nemausensis.com; mat Foto vun der Gedenktafel)
- ↑
Compte rendu des seances de l'Academie des sciences
Band 48, Maerz 1859,
S. 485?487
an
(fr)
S. 638