De
Joseph-Alexandre Muller
, gebuer de
16. Juli
1854
zu
Iechternach
a gestuerwen den
13. November
1931
an der
Stad Letzebuerg
, war e letzebuergesche
Komponist
an Dirigent.
Hie war
Schoulmeeschter
zu
Ierpeldeng
bei
Ettelbreck
an an der
Stad Letzebuerg
, eier hien zu
Koln
an de Conservatoire gaangen ass.
Eng Zait laang huet hien d'Musekgesellschaften zu Ettelbreck an zu
Hollerech
geleet. Hien huet
Operetten
,
Kantaten
a Lidder komponeiert.
Hie war den Auteur vun engem Handbuch
Elementar-Gesangschule und Liederschatz
, dat 1904 an der Dreckerei P. Worre-Mertens gedreckt gouf a vum Verlag Math. Kraus vu Letzebuerg an der
Groussgaass
op N° 33 publizeiert gouf. De Prais vum Bicheleche war deemools 1 Frang.
Zu
Bouneweg
ass d'Strooss J.A. Muller no him benannt.
- "Du gutt Mamm, verloss" (Ech wees eng Mamm), LMK066
- "Eichentod", LMK070
- "Eichentod Seite 11 Schon ist die Welt", LMK154
- "Eng Kineksrous", LMK006
- "Kee scheinert Gleck", LMK246
- "Mai Letzebuerg", LMK005
- "Wann d'Klacke lauden", LMK049
Den Joseph-Alexandre Muller am Musikerlexikon