Jordanien
(op
Arabesch
:
??????
), offiziell d'
Haschimitescht
Kinnekraich Jordanien
(ar.:
??????? ???????? ????????
), ass en arabescht Kinnekraich a
Westasien
, um estlecher Ufer vum
Jordan-Floss
an nerdlech vun der
arabescher Hallefinsel
. Jordanien grenzt u
Saudiarabien
am Osten an am Suden, un den
Irak
am Nordosten, u
Syrien
am Norden, un
Israel
,
Palestina
an d'
Doudegt Mier
am Westen, an un d'
Rout Mier
a sengem extreeme Sudwesten. Jordanie lait strateegesch op der Kraizung tescht
Asien
,
Afrika
an
Europa
. D'Haaptstad
Amman
ass dei greisst Stad am Land a glaichzaiteg sai wirtschaftlechen, politeschen a kulturellen Zentrum.
D'Gebitt, dat haut Jordanien ass, gett schonn zenter der
Alsteenzait
bewunnt. Drai stabil Kinnekraicher hu sech geint Enn vun der
Bronzezait
formeiert:
Ammon
,
Moab
an
Edom
. Speider Herrscher waren d'
Nabateanescht Kinnekraich
, d'
Reimescht Raich
, an d'
Osmanescht Raich
. No der grousser arabescher Revolt geint d'Osmanen 1916, warend dem
eischte Weltkrich
, ass d'Osmanescht Raich tescht
Groussbritannien
a
Frankraich
gedeelt ginn. 1921 ass d'Emirat vun Transjordanie vum deemolegen Emir
Abdullah I.
ausgeruff an zum brittesche
Protektorat
ginn. 1946 dunn ass Jordanien offiziell en onofhangege Staat mam Numm
Haschemitescht Kinnekraich Transjordanien
ginn. Warend dem
Arabesch-Israeelesche Krich 1948
huet Jordanien d'
Westbank
eruewert, dei et 1967 nees verluer huet, an den Numm vum Land ass 1949 an
Haschemitescht Kinnekraich Jordanien
geannert. Jordanien ass e Grennungsmember vun der
Arabescher Liga
an der
Organisatioun vun der islamescher Kooperatioun
, an ee vun den zwein arabesche Staaten, dei e Friddensvertrag mat Israel ennerschriwwen hunn. D'Land ass eng
konstitutionell Monarchie
, awer de Kinnek halt bedeitend exekutiv a legislativ Pouvoiren.
Jordanien ass e relativ klengt, semi-arid a bal komplett landemschlossent Land mat enger Bevelkerung vun 9,5 Milliounen Awunner. De sunitteschen
Islam
ass dei verbreetste Relioun am Land a gett vun 92% vun der Bevelkerung praktizeiert. Si koexisteiert mat enger indigener chreschtlecher Minoriteit. Jordanien gellt als dat secherst Land am
Nohen Osten
, an huet laangzaitegen
Terrorismus
an Instabiliteit konnte vermeiden. D'Land huet zenter 1948
Fluchtlingen
aus bal allen Nopeschlanner empfaangen, dorenner geschaten 2,1 Millioune Palestinenser, 1,4 Millioune Syrier an Dausenden irakesche Chreschten, dei virum
Islamesche Staat
geflucht sinn.
Jordanien gellt als Land mat engem heijen
Human Development Index
an enger Wirtschaft mat ieweschtem mettleren Akommes ("upper middle income economy"). D'jordanesch Wirtschaft, eng vun de klengste an der Regioun, ass weinst der gudder Ausbildung vun der Aarbechtskraaft fir auslannesch Investisseuren attraktiv. D'Land ass eng bedeitend Touristendestinatioun an zitt och weinst engem gutt entweckelte Gesondheetszentrum Patienten aus dem Ausland un. Trotzdeem stellen de Manktem vun natierleche Ressourcen, dei grouss Zuel u Fluchtlingen an dei regional Onsecherheet Problemer fir de Wirtschaftswuesstem duer.