Den
John Forbes Kerry
, gebuer den
11. Dezember
1943
am
Colorado
, ass en
US-amerikanesche
Politiker
, dee vun 2013 bis 2017 den 68. Ausseminister vun de Vereenegte Staate war. Virdru war hien tescht 1985 an 2013 de Vertrieder vum
Massachusetts
am
Senat
. Als Kandidat vun der
Demokratescher Partei
huet hien d'Presidentschaftswalen 2004 knapps geint den deemolegen amteierende
republikanesche
President
George W. Bush
verluer.
De Kerry ass zu
Aurora
am Colorado gebuer ginn a speider an Internater am
Massachusetts
an am
New Hampshire
gaangen. 1966 huet hien en Ofschloss a Politikwessenschaften op der
Yale University
gemaach. Am selwechte Joer huet hie sech an d'
Naval Reserve
vun der amerikanescher Armei gemellt an 1968 an 1969 huet hie warend engem Openthalt als
Officer-in-charge
op engem mettlere Patrulleboot, engem sougenannte
Swift Boat
, am
Sudvietnam
gedengt. Dofir ass hie mat e puer Medailen ausgezeechent ginn. No engem freizaitege Retour an d'USA ass de Kerry der Organisation vun de Vietnameveterane geint de Krich baigetrueden an dar hiren nationale Spriecher ginn. Hien huet sech vehement geint de Vietnamkrich ausgeschwat an ass virum amerikanesche Senat opgetrueden, wou hien d'Meenung geaussert huet, der amerikanescher Regierung hir Politik am Vietnam wier de Grond vu Krichsverbriechen.
Nodeems hien en Doktertitel am Droit zu
Boston
krut, huet de Kerry als Assistenz-
Procureur
(
Assistant District Attorney
) am Massachusetts geschafft. Vun 1983 bis 1985 war hien dem
Michael Dukakis
sai Vizegouverneur, eier en 1984 an den US-Senat gewielt ginn ass an dat Mandat am Januar vum Joer drop ugetrueden ass. An dar Funktioun huet hien tescht 1987 an 1989 eng Rei Unheierunge gefouert, dei den Ufank vun der
Iran-Contra-Affar
waren. Hie gouf 1990, 1996, 2002 an 2008 eremgewielt. Am Oktober 2002 huet hien dofir gestemmt, dem President z'erlaben de
Saddam Hussein
z'entwaffnen, "wann et si muss, mat Gewalt". Glaichzaiteg huet hie gewarnt, datt d'Regierung fir d'eischt all diplomatesch Meiglechkeete sollt probeieren eier si an de Krich zitt.
Warend senger Presidentschaftswalcampgne huet de Kerry de President George W. Bush fir de Krich am
Irak
accuseiert. Hien huet d'Wal schlussendlech mat nemme 35 Stemme manner am
Electoral College
wei de Bush a sai Vizepresident
Dick Cheney
verluer. De Kerry ass zereck an de Senat gaangen an 2007 de President vum Comite fir kleng Entreprisen an Entrepreneuriat ginn. Zwee Joer drop gouf hien de President vum Comite fir Aussepolitik. Den 1. Februar 2013 gouf hien den Nofollger vun der
Hillary Clinton
als Ausseminister vum President
Barack Obama
. Nom Enn vum Obama senger Administratioun den 20. Januar 2017 ass hien den 1. Februar duerch de
Rex Tillerson
ersat ginn.
Ausseministere vun de Vereenegte Staaten
|
---|
|