한국   대만   중국   일본 
Johannes Rau ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Johannes Rau

Vu Wikipedia
Johannes Rau
Gebuer 16. Januar 1931
Wuppertal
Gestuerwen 27. Januar 2006
Berlin
Nationaliteit Daitschland
Aktiviteit Politiker , Journalist, Libraire, Editeur
Partei Sozialdemokratische Partei Deutschlands

De Johannes Rau , gebuer de 16. Januar 1931 zu Barmen bei Wuppertal a gestuerwen de 27. Januar 2006 , war en daitsche Politiker a President vun Daitschland tescht dem 1. Juli 1999 an dem 30. Juni 2004 .

Drett vu fennef Kanner, ass de Johannes Rau als Kand streng protestantesch erzu ginn. No der Schoul, 1949, huet hien ugefaangen, als Journalist ze schaffen. Hie gouf Member un der GVP, dei de Gustav Heinemann gegrennt hat.

1958 ass e, wei den Heinemann, der SPD baigetrueden, op dar hirer Lescht en 1964 an de Wuppertaler Gemengerot gewielt gouf.Vun 1969 bis 1970 war e Buergermeeschter.

1958 gouf de Rau fir d'eischt an de Landtag vun Nordrhein-Westfalen (NRW) gewielt. 1970 gouf e Minister fir Wessenschaft an Erzeiung. 1977 gouf e President vun der SPD an NRW an 1978 Ministerpresident vun do. Hie blouf dat bis 1998.

1987 war e Kandidat vu senger Partei fir Bundeskanzler ze ginn. 1998 gouf e President vun Daitschland.

Sai Motto war: "Rekonzilieieren, net splecken". Hie war mat der Christina Delius , engem Kandskand vum Gustav Heinemann bestuet a si haten 3 Kanner.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Johannes Rau ? Biller, Videoen oder Audiodateien