De
Johann Heinrich Madler
, zanter
1865
von Madler
, gebuer den
29. Mee
1794
zu
Berlin
a gestuerwen de
14. Maerz
1874
bei
Hannover
war en daitschen
Astronom
.
De von Madler hat enner anerem detailleiert
Aerdmoundkaarte
gezeechent, dei joerzengtelaang d'Standardwierk vun der Moundfuerschung waren, d'
tropescht Joer
hat hien och prezis berechent,
1864
hat hien eng
nei Schaltreegel
fir de
Kalenner
virgeschloen.
De Madler koum als Jong vun engem Berliner Schneidermeeschter op d'Welt. Bei senger Gebuert war hien allerdengs sou schwaach, datt se gemengt haten, hie kennt nemmen e puer Stonnen iwwerliewen.
Am Laf vun de Joren huet sech sain Zoustand verbessert an
1806
koum hien an e Berliner Lycee.
Am Joer
1813
si seng Eltere banne sechs Wochen un
Typhus
gestuerwen an den 19-jarege Johann Madler huet sech em d'Erzeiung vu sengen drai Schwesteren (14, 11 a 5 Joer) misse kemmeren.
Hien hat emmer de Wonsch
Mathematik
an
Astronomie
ze studeieren. Duerch de Verloscht vu sengen Eltere war dat awer net meiglech. Dei nachst fennef Joer huet de Madler sech a seng Schwesteren duerchbruecht, andeems hien Nohellefstonne ginn huet. Warend senger fraier Zait huet hie sech selwer
autodidaktesch
ausgebilt.
1818
konnt hien endlech e
Studium
an der neier
Universiteit Berlin
ufanken. Do studeiert hie Mathematik enner dem
Georg Simon Ohm
an Astronomie enner der Leedung vum
Johann Elert Bode
an dem
Johann Franz Encke
. Speider huet hien du selwer
Virliesungen
ofgehalen a krut
1822
eng Plaz als
Tutor
. Am selwechte Joer huet hie mat
meteorologeschen
Observatiounen ugefaangen dei reegelmeisseg publizeiert goufen.
1830
huet de Madler eng Aarbecht um
kinnekleche Pedagogeseminar
zu Berlin ugeholl.
1833
mecht hien am Optrag vun der
preisescher
Regierung um
Kap Arkona
, dem nerdlechste Punkt vun der Insel
Rugen
, exakt Zaitbestemmungen. Dei goufe fir eng
russesch
?
chronometresch
Expeditioun“ gebraucht.
1824
mecht de Madler d'Bekanntschaft vum
Wilhelm Beer
, engem un der Astronomie intresseierte raiche Berliner
Banquier
a Brudder vum
Komponist
Giacomo Meyerbeer
. De Beer huet sech vum Madler an d'Astronomie an an dei heich Mathematik afeiere gelooss.
1829
huet de Beer e privaten
Observatoire
an der Geigend vu senger Villa baue gelooss, dee mat engem ganz gudden
Achromat
mat 9,5 cm Effnung an 1,5 m
Brennwait
vum
Fraunhofer
ekipeiert gouf. Do hunn de Madler an de Beer an den nachste Joren Observatioune vum
Aerdmound
a vun de
Planeite
gemaach.
Am Joer
1830
hunn dei zwein de
Mars
observeiert an hunn eischt genee Kaarte vum Planeit gezeechent. Si hunn och seng
Rotatiounsperiod
bestemmt. Dee vun hinne festgestallte Waert waicht nemmen 13 Sekonne vun deem mat haitege Mettele bestemmte Waert of. Ausserdeem hu si den
Nullmeridian
vum Mars festgeluecht.
Tescht
1830
an
1836
huet de Madler warend 600 Nuechten Zeechnunge vun der Mounduewerflach gemaach. Sou ass eng grouss
Aerdmoundkaart
mat veier Blieder entstanen. Dat eischt Blat koum
1834
eraus, d'
Lithographie
hat sai Koseng, de Laitnant Vogel, gemaach. Zesumme mat engem Textwierk
Allgemeine Selenographie
goufen d'Kaarten
1837
an zwei Bann publizeiert. D'Kaschten dovun hat de Beer iwwerholl.
1838
hu si eng kleng Versioun vun der Moundkaart (33 cm Duerchmiesser) publizeiert.
D'Kaarte goufen e
Standardwierk
fir all Astronom. De Madler gouf weltberuumt a krut eng Onmass Auszeechnungen. Hie krut en
Doktorgrad
a gouf zum
Professer
fir Astronomie ernannt.
Bei sengen Aarbechten iwwer den Aerdmound hat de Madler och seng speider Fra kennegeleiert. D'Hofratin Wilhelmine von Witte (
17. November
1777
bis
17. September
1854
) vun
Hannover
, dei och un der Astronomie intresseiert war, huet e Mound
globus
no eegenen Observatiounen an nom Madler sengen Zeechnunge konstrueiert. Wei si heieren huet, datt de Madler sech am
Hierscht
1839
zu
Pyrmont
opgehalen huet, ass si a Begleedung vun hirer eelster Duechter Minna (
1804
?
1891
) dohi gereest, fir hien no senger Meenung ze froen. Dem Madler huet net nemmen de Moundglobus gefall, ma och d'Dichterin Minna, dei vun hirer Mamm an Astronomie ennerriicht gi war. Dei beid hu sech am Juni
1840
bestuet a waren iwwer 35 Joer zesummen. De Moundglobus gouf speider vum
Alexander von Humboldt
a vum
John Herschel
gelueft.
1836
hat de Madler eng Plaz als
Observateur
am neie
Berliner Observatoire
ugeholl, den Direkter war sai freiere Professer Johann Franz Encke. Do huet de Madler Observatioune mam 24-cm-
Lensenteleskop
gemaach.
1840
ware verschidden Direkteschplazen an europaeschen Observatoire frai ? de Madler hat sech fir den
Observatoire Dorpat
entscheet, deemools enner russescher Administratioun, wou de greisste vum Joseph von Fraunhofer gebaute Refrakter stoung.
De Madler huet dem
Wilhelm Struve
seng Observatioune vun
Duebelstare
weidergefouert a huet d'
Eegebeweegunge
vu Fixstaren ausgerechent.
Warend senger Zait zu Dorpat hat de Madler am Optrag vun der russescher Regierung zweemol Expeditioune fir d'Observatioun vun totale
Sonnendaischterte
geleet. Dei eischt,
1860
zu
Brest-Litowsk
, deemools Russland haut
Waissrussland
, konnt opgrond vu schlechtem Wieder net gekuckt ginn. Dei zweet,
1861
zu
Vitoria
a
Spuenien
, war erfollegraich.
Ausserdeem berechent de Madler d'
tropescht Joer
ganz prezis.
De Madler war warend senger ganzer wessenschaftlecher Tategkeet en onermiddleche Publizist. Hien huet
wessenschaftlech Dagesfroe
an effentleche Blieder an Zaitschreften a verstandlecher Aart a Weis behandelt. An engem Bericht iwwer e Referat vum Fotopioneier
William Henry Fox Talbot
ass hie wait iwwer dei Talbotsche Matdeelungen eraus gaangen an huet als eischten, nach virun engleschen oder franseische Publikatiounen, an der
Vossischen Zeitung
vum
25. Februar
1839
de Begreff
Fotografie
gebraucht.
[1]
1865
ass de Madler an d'Pensioun gaangen a gouf an de russeschen Adelsstand gehuewen. Duerno goung hien nees zereck an Daitschland. Aeproblemer haten Observatiounen onmeiglech gemaach. No enger erfollegraicher Aenoperatioun zu
Wiesbaden
huet hie sech sengem Wierk ?Geschichte der Himmelskunde“, higinn, dat
1873
publizeiert gouf.
De Madler ass am Alter vun 79 Joer no enger Krankheet vu 6 Meint zu Hannover gestuerwen.
Zu sengem Gedenke goufen e
Krater
um Mound (
Madler (Aerdmoundkrater)
) an um Mars no him genannt.
Portal Astronomie
- ↑
Erich Stenger
:
Der Ursprung des Wortes "Photographie".
In: der freie lichtbildner (Offizielles Organ des Arbeiter-Lichtbild-Bundes), Jg. 2, Nr. 2, 15. Februar 1933, S. 14f