Jenny Lou Carson

Vu Wikipedia
Jenny Lou Carson
Gebuertsnumm Virginia Lucille Overstake
Gebuer 13. Januar 1915
Gestuerwen 16. Dezember 1978
Los Angeles
Nationaliteit USA
Aktiviteit Liddermecher, Sanger , Lidderschreiwer

D' Jenny Lou Carson , gebuer den 13. Januar 1915 als Virginia Lucille Overstake zu Decatur am US-Staat Illinois , a gestuerwen de 16. Dezember 1978 zu Torrance a Kalifornien , war eng amerikanesch Country -Sangerin a Lidderschreiwerin.

Hir Musekscarriere huet d'Jenny Lou Carson 1932 ugefaangen, wei se mat hire Seschteren Evelyn an Eva an der National Barn Dance -Show um Radio WLS zu Chicago als Three Little Maids opgetrueden ass. Si huet och op WLS am Trio Winnie, Lou, and Sally gesongen.

An der Zait vum Zweete Weltkrich huet se Lidder iwwer Zaldoten an hiert Verlaangere geschriwwen.
Duerno huet se nach eng sellege Lidder geschriwwe fir bekannt Country-Sanger wei de Roy Acuff , Eddy Arnold , den Ernest Tubb an hire Schwoer , de Red Foley .

De grousse Succes koum mam Let Me Go, Lover , e Lidd, dat si mam Al Hill geschriwwen huet, a dat d' Joan Weber fir d'eischt gesongen huet. Duerno koumen nach Cover-Versioune vun der Patti Page , dem Hank Snow , der Teresa Brewer an der Peggy Lee .

Dem Tex Ritter sai Lidd Jealous Heart , dat an Daitschland vun der Lale Andersen gesonge gouf enner dem Titel Blaue Nacht am Hafen war och aus der Fieder vun der Jenny Lou Carson.

Cover-Versioune vu Carson-Lidder: