De
Jeff Saibene
, gebuer den
13. September
1968
zu
Keespelt
,
[1]
ass e letzebuergesche Foussballtrainer a freiere Foussballspiller.
[2]
Tescht dem 14. Oktober 1986 an dem 6. Oktober 2001 huet hien 63-mol fir dei
letzebuergesch Foussballnationalekipp
gespillt.
[3]
De Jeff Saibene, dee beim
FC Kehlen
seng eischt Lizenz hat, huet an der Saison 1985/1986 fir d'
Union Letzebuerg
gespillt. Duerno war hie vun 1986 bis 1989 beim
Standard Leck
, ier hie vun 1989 bis 1992 an der Schwaiz beim
FC Aarau
gespillt huet, fir vun do bei
Old Boys Basel
ze wiesselen, wou hie bis 1995 bliwwen ass. Hien ass dunn nees zereck bei den FC Aarau gewiesselt vu wou hien 1998 bei den
FC Locarno
gaangen ass. 1999 ass hie fir seng lescht Statioun als Foussballspiller bei de
Swift Hesper
gewiesselt, wou hie bis 2002 bliwwen ass.
[4]
Vu Juli 2004 bis 2006 war de Jeff Saibene Kotrainer zesumme mam
Guy Hellers
bei der letzebuergescher Foussballnationalekipp. Duerno war hie bis 2007 d'eischt Kotrainer an duerno Trainer beim
FC Thun
deen hie virum Ofstig gerett huet. Vun 2007 bis 2009 war hien du Kotrainer beim FC Aarau an duerno warend 3 Meint Trainer vum FC Aarau. Vun August 2010 bis Maerz 2011 war hien Trainer vun der letzebuergescher U21 Nationalekipp.
Vum Maerz 2011 a bis de September 2015 war hien Trainer beim
FC St. Gallen
an der Schwaiz.
[5]
Vun 2015 bis 2017 war hien Trainer beim
FC Thun
[6]
, 2017 bis 2018 bei
Arminia Bielefeld
an 2019-2020 beim
FC Ingolstadt
[7]
.
Zanterhier ass hien Trainer vum
1. FC Kaiserslautern
.
[8]
- ↑
https://www.fupa.net/berichte/dsc-arminia-bielefeld-er-ist-der-graf-von-luxemburg-939758.html
- ↑
De Jeff Saibene op Football Database.eu
- ↑
Lescht vun de Lannermatcher vum Jeff Saibene op der Websait
European Football
- ↑
De Jeff Saibene op der Websait
National Football Teams
- ↑
Dem Jeff Saibene seng Carriere als Foussballtrainer op 'transfermarkt'
- ↑
"Ab Sommer: Saibene kein Trainer mehr beim FC Thun."
wort.lu, 13.01.2017.
- ↑
"Ingolstadt trennt sich von Saibene,"
wort.lu, 09.03,2020.
- ↑
"Saibene: 'Der Betzenberg ist legendar'."
wort.lu, 02.10.2020.