De
Benny Reiter
oder
Jeannot Reiter
, gebuer de
14. Oktober
1958
ass e letzebuergesche Foussballtrainer a freiere Foussballspiller.
[1]
Tescht dem 21. September 1977 am 15. November 1989 huet de Benny Reiter an 49 Matcher fir dei
letzebuergesch Foussballnationalekipp
5 Goler geschoss.
[2]
Vun 1977 bis 1982 huet hie beim
FC Etzella Ettelbreck
gespillt, duerno war hie bis 1984 beim FC Chalon-sur-Saone. An der Saison 1984/85 huet hie fir En Avant Quincamp gespillt an dei Saison duerno beim FC Montceau. Vun 1986 bis 1991 huet hien dunn nees zu Letzebuerg bei der
Spora Letzebuerg
gespillt.
[3]
Vun 1992 bis 1994 war hie Spillertrainer beim
FC Sporting Maerzeg
. 1996/97 war hien Trainer beim
F91 Diddeleng
an duerno vun 1997 bis 2000 Spillertrainer beim
Progres Nidderkuer
. An der Saison 2000/2001 war hien dunn Trainer beim
Avenir Beggen
. Vun 2003 bis 2005 war hien Trainer bei der
Union Letzebuerg
a vun 2007 bis 2009 an der selwechter Funktioun beim
FC Berdenia Berbuerg
. An der Sasion 2009/2010 huet hien d'Etzella Ettelbreck traineiert an zanter 2011 ass hien Trainer bei der
US Munneref
.
- ↑
De Benny Reiter op der Websait Transfermarkt
- ↑
D'Lescht vun de Lannermatcher vum Benny Reiter op der Websait vun European Football
- ↑
De Jeannot Reiter op der Websait vun National Football Teams